Dës Woch stelle mer dee ganz neien Album vum däitsche Rapper Casper vir.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Den däitsche Rapper Casper ass säit 2006 als Solokënschtler ënnerwee an huet 2008 säin éischten Album "Hin Zur Sonne" released op dem ënnert anerem mam Prinz Pi a Kollegah zesummeschafft gouf.

No 3 weideren immens erfollegräiche Longlayer huet de Casper lo säi ganz neien a fënneften Album "Alles War Schön Und Nichts Tat Weh" erausbruecht.

Wann een sech den Album ulauschtert da mengt een am Ufank, de Casper wier vill méi Mainstream ginn a bësse méi poppeg. Dat ass allerdéngs just den Intro an et geet fir de Rescht vum Album sou wieder wéi een et vum Rapper gewinnt ass.

Wärend deenen 12 Lidder um Album ginn eng ganz Rei vun Themen ugeschwat, déi all vir de Museker immens wichteg sinn. Sou geet et zum Beispill an der Titelsingle ëm Depressiounen an am Lidd "Billie Joe" ëm Selbstmord. Awer och ganz aner Theme wéi zum Beispill d’Klimakatastrophe an der Single "Das bisschen Regen" oder och toxesch Bezéiungen am Lidd "Mieses Leben".

Allerdéngs sinn am ganzen Album manner graff Téin oder Gittarenriffs verschafft wéi een dat mol soss am Casper senge Lidder héieren huet.

Mir perséinlech gefält dat éischter trauregt Lidd "Fabian" am beschten. An dësem mierkt ee wierklech dass et dem Casper immens wichteg ass seng Gefiller éierlech auszedrécken. Hei geet et nämlech em ee ganz gudde Kolleeg vun him d’Diagnose vu Kriibs krut. Dës Single dauert dann och ganzer 7 Minutten.

Am groussen a ganzen ee wierklech gudden Album, dee rëm wéisst, dass dem Casper seng Lidder einfach vun der Long op Zong geschriwwe ginn an dofir och immens authentesch eriwwer kommen.

Vu mir gëtt et eng 4/5 fir de Casper.