Dës Woch stelle mer dee ganz neien Album vum belsche Rapper Stromae vir.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Endlech ass et souwäit. 9 Joer hu mer misse waarde bis de belsche Sänger a Rapper Stromae endlech de Nofollger vu sengem 2013er Album "Racine Carée" released huet.

Den neien Album "Multitude" hat hien am Oktober 2021 mam Lidd "Santé" ugekënnegt. An dësem Lidd séngt hien iwwert déi Leit, déi musse schaffe goe wärend déi aner amgaang sinn ze feieren.

Déi zweet Auskopplung vum Album beschreift den Album zimmlech gutt. Déi immens emotional an déifgrënneg Single "L’Enfer", déi hie Live um TF1 zur Primetime gesongen a virgestallt huet. An dëser beschreift hien, wéi hie mat sengen Depressiounen a Suizid-Gedanken ëmgeet.

Am groussen a ganzen ass et een immens eeschten, emotionalen an déifgrënnegen Album, an deem de Museker sech fir keen Thema ze schued ass.

Wann een sech mam globale Sond vum Album beschäftegt, da fënnt ee séier raus dass de Longplayer ee gewëssenen orientalesche Vibe huet.

Och d’Corona Pandemie ass Thema am Album a gëtt direkt am éischte Lidd "Invaincu" behandelt.

Am Lidd "Déclaration" gëtt zum Beispill dann och vun de Nodeeler vun de weibleche Verhiddungsmëttele geschwat sou wéi och vun de Nodeeler beim Schaffen.

De Comeback-Album "Multitude" kléngt eigentlech méi soft wéi een dat aus fréieren Zäite vum Stromae gewinnt ass. Duerch déi extrem vill Themen déi hien uschwätzt ass et zimmlech onméiglech alles bei der éischter Kéier ze héieren an ze verstoen. Dofir als Tipp: Roueg den Album nach eng Kéier lauschteren.

Merci Stromae fir dee gudden Album: Vu mir gëtt et eng 5/5.