Dës Woch stelle mer dee ganz neien Album vun der lëtzebuergescher Reggae Band Le Vibe vir.

Wie leschte Summer vill op Concerten a Festivallen hei am Land ënnerwee ass, deem misst déi lëtzebuergesch Reggae Band Le Vibe dann och ee Begrëff sinn. Ënnert anerem haten si déi grouss Chance als Virgrupp vum däitsche Museker Gentleman opzetrieden.

Wéi ass et fir den Gentleman ze spillen?

Fir och kennen dëse Summer mat hirer Musek d’Leit ze begeeschteren hunn si lo hiren neien Album "Twoday" released. Et ass hiren zweete Studioalbum deen si säit hirer Grënnung am Joer 2018 rausbruecht hunn. Den Album war eigentlech scho méi laang fäerdeg mee Le Vibe hunn awer op dee richtege Moment gewaart.

Endlech ass den Album dobaussen

D’Band Le Vibe kann een eigentlech als Reggae Band beschreiwen obwuel si sech net ganz op ee Genre festleeë mee och mol heiansdo bëssen aner Saache probéieren.

RTL

© Lugdivine Unfer

Den Album start dann och direkt mat der éischter Single "One Day" déi deemools als éischt Auskopplung rauskomm war.
Am Juli 2021 ass dunn déi zweet summerlech Single "Fata" rauskomm, wat sou vill wéi Hoffnung heescht.

D'Single Fata kuerz erkläert

Awer och déi klassesch Reggae-Vibes kommen awer och nach eriwwer, dat zum Beispill an der Single "Eudaemonia". Och wann Le Vibe d’Reggae Musek richteg fillt, hunn si sech awer och lo net nëmmen op Reggae-Theme begrenz a sinn oppe vir vill Themen.

Meng Lieblingssingle um Album ass d’Single "Love Been Away" an der si bëssen dovunner sangen dass een sech ënnertenee méi soll gär hunn.

Reggae Vibes sinn och bei Le Vibe nach present

Den Album ass een immens positive Longplayer deen een am beschten och an der richteger Reiefolge soll lauschtere fir alles ze verstoen. Falls een en da ganz lauschtert wäert een dann och mat e puer witzege Momenter iwwerrascht ginn.

Den 18. Mäerz stelle Le Vibe hiren Album "Twoday" da live am Flying Dutchman zu Beefort fir.

Fir mech ee richteg gudden Album dee vu mir eng 5/5 kritt!