Déi belsch Sängerin Selah Sue huet säin neien Album "Persona" released.

Déi belsch Singer a Songwriterin Selah Sue ass am Joer 1989 gebuer an huet sech an der Museksbranche fest etabléiert. Mat senge Songs déi éischter am Reggae, Funk an Hip-Hop erëmzefanne si, bréngt hat et ëmmer rëm fäerdeg seng Fans ze begeeschteren.

Mat nëmmen 20 Joer hat d’Selah Sue dann och schonn säin éischte Plackevertrag an huet den Album "Selah Sue" released, op dem ënnert anerem een Duett mam Cee-Lo Green mat drop war.

Elo 11 Joer méi spéit huet déi belsch Sängerin déi och lo ganz rezent hei am Land opgetrueden ass säin neien Album "Persona" released

Den Album start dann direkt mam Lidd "Kingdom" bei dem d’Selah Sue dann och beweist, dass hat och gutt rappen kann an sech op am Hip-Hop wuel fillt.

Bei der Single "Hurray" huet d’Sängerin eng funky R&B Single produzéiert, déi di modern social Media soll bësse kritiséieren.

Bësse méi elektronesch geet et da mat der Single "Pills" wieder. Mat dëser Single wéist d’Selah Sue dann och wéi extrem villsäiteg hat ass. Vun Balladen iwwer Funk, Hip-Hop bis zu Elektronesche Beats ass alles um Album vertrueden.

Awer och perséinlech an emotional Theme probéiert d’Musekerin a senge Lidder ze verschaffen. D’Ballad "Full Of Life" zum Beispill beschreift d’Liewen als Mamm an dass een net ëmmer nëmmen Hoffnung huet mee och mol Suergen.

Mäin Highlight um Album ass déi extrem funky Single "All The Way Down" an der d’Selah Sue wierklech wéist, wat hat fir eng extrem gutt a villsäiteg Stëmm huet. Dat ganz gëtt mat enger Instrumente Sektioun ofgeronnt.

Den Album ass definitiv immens gutt ginn a wéist dass Singer a Songwriterin net ëmmer heesche muss dass een eleng mat senger Gittar op der Bün steet a roueg Lidder spillt. Fir d’Frënn vu rhythmescher a funky Musek ass den Album absolut een Highlight. Vu mir perséinlech eng 5/5.