D'Rockband Red Hot Chili Peppers sinn zesumme mat hirem ale Gittarist John Fursciante an engem neie Longplayer zeréck.

Lauschtert hei de ganze Reportage

D’Red Hot Chili Peppers gëlle warscheinlech zu enger vun deene berüümteste Rockbands aus deene leschte Joerzéngten. Lass goung déi ganz Rees am Joer 1983 an nëmmen ee Joer méi spéit koum hiren Debutalbum "Red Hot Chili Peppers" eraus.

Mat hirem 4ten Album "Mother’s Milk" hunn si dunn hire groussen Duerchbroch och international gehat a goufen als grouss Rock-Stars geféiert.

Elo am Joer 2022 ass dann hiren 12ten Studioalbum "Unlimited Love” released ginn. Op dësem ass hiren ale Gittarist John Frusciante dann och no enger längerer Paus rëm mat dobäi. An genee dat héiert een och wann een sech den Album ulauschtert. No deene leschten 3-4 Alben ass dëse rëm wesentlech méi funky a manner poppeg.

Den Optakt mëscht dann d’Single "Black Summer" deen eng gemittlech Mëschung tëschent Rock a Funk ass, deen direkt den Album a säi Sound aleet.

Duerch dem John Frusciante säi ganz eegene Stil ze spillen ass de Sound vun de Red Hot Chili Peppers rëm éischter wéi an den 80 Joren.

Awer och Balladë wéi zum Beispill d’Single "Not The One" weisen, dass de Sänger Anthony Kiedis seng Stëmm och no enger Rei Eskapaden nach ëmmer ënner Kontroll huet.

Bësse méi rockeg sinn dann awer Lidder wéi "The Great Apes" oder "The Heavy Wing" wou si weise wisou si eng vun deene gréisste Rock-Bands sinn.

Mir gefält awer am beschten d’Single "Aquatic Mouth Dance" déi eng zimmlech Mëschung tëschent Funk, Rock a Pop ass. Bei dëser kéint ech mer virstellen dass déi och Live een Highlight op de Concerte gëtt.

Am allgemengen ass den Album "Unlimited Love" ee wierklech gudden Album vun de Red Hot Chili Peppers, dee warscheinlech éischter Leit uschwätzt, déi Fans vun deenen ale Lidder vun der Band sinn.

Trotzdeem gëtt et vu mir eng 4/5 fir dëse Longplayer.