No "Camila" (2018) a "Romance" (2019) huet d'Camila Cabello elo säin neien Album "Familia" erausbruecht!

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

«Et sinn d’Frënn an d’Famill déi am Liewen wierklech zielen.» Am Fong ass et en einfachen an total banale Message, mee mir alleguer mierken ëmmer erëm dass e wierklech zoutrëfft – natierlech besonnesch wann et eis schlecht geet. A genee an esou enger Liewensphase, an där seng mental Gesondheet op engem absolutten Déifpunkt war a bal Alles géint hatt gelaf ass, huet d’Camila Cabello d’Aarbechten u sengem neie Wierk ugefaangen.

«Et gi Frënn, et gëtt Famill an et gi Frënn déi zu Famill ginn.» Ok, zouginn, och dee kléngt no komplettem Kitsch, mee och do ass e gutt Stéck Wourecht drun. D’Camila huet sech zeréckbesënnt an den Album net ewéi soss mat etleche ProduzentInnen a SongwriterInnen, mee just mat engem ganz klenge Grupp aus sengem enken Ëmfeld geschriwwen. An et sinn déi vill an emotional Gespréicher iwwer Anxiety a senger Schlofkummer zu Miami déi am Camila Cabello eppes ausgeléist hunn. Bis dato war d’Musekerin total drop fokusséiert no baussen hin de perfekte Pop-Star ze inzenéieren. Op «Familia» weist hatt eng Säit vu sech, déi bis elo nach kee gesinn huet a schwätzt esou oppen an éierlech iwwer Gefiller, Trennung, Aarmut, Korruptioun a Sexismus ewéi nach ni.

Famill heescht och ze wëssen wou een hierkënnt. A mat Rumba-Rhythmen a Flamenco-Gittaren op “Don’t Go Yet”, Salsa-Grooves op “Bam Bam” oder zum Beispill och dem Mariachi-Stil op “La Buena Vida” mécht hatt senge mexikanesch-kubanesche Wuerzelen all Éieren. «Familia» huet einfach de gewëssene Flair, deen och beim wonnerbar dezenten «everyone at this party» oder poppegen Nummeren ewéi «psychofreak» net verluer geet.

D’Camila Cabello léisst eis u senger perséinlecher a musikalescher Entwécklung Deel hunn a weist wéi et all déi Joren wierklech an him bannendran ausgesinn huet. «Familia» ass en Album deen inspiréiert. An endlech stëmmt et och emol eng Kéier wann eng Musekerin seet: «Dat ass bis elo mäi beschten Album!».