
© Eldoradio
No der Hit-Single "As It Was" ass dann och lo endlech dem brittesche Sänger "Harry Styles" säin drëtte Studio Album erauskomm.
Den Harry Styles dierft eigentlech sou zimmlech jidderengem ee Begrëff sinn. De britteschen Sänger deem seng Karriär mat de Boyband "One Direction" ugefaangen huet ass säit enger Rei Joren net méi aus den Charts ewechdenken. Spéitstens mat "Watermelon Sugar" huet hien et bis ganz no uewe gepackt.
Elo huet de brittesche Museker dann säin drëtte Studioalbum "Harry’s House" released, dee virun e puer Woche mat der Hit-Single "As It Was" annoncéiert gouf. Dës Single ass dann direkt och viral gaangen a stoung zimmlech iwwerall ganz uewen an den Charts.
Den Album ass awer bëssen anescht wéi een dat vu senge leschte Wierker kennt. Den Album gëtt vu Retro-Vibes sou wéi vu Funk an R&B Elementer opgefrëscht. Hei kennen dann och mol Instrumenter wéi Saxophon oder Trompett zum Asaz kommen.
Den Opener "Music for a Sushi Restaurant" weist direkt a wéi eng Richtung den Album wäert goen. Et ass op jiddefalls ee Lidd wat warscheinlech op ville Concerte wäert gespillt ginn.
Och d’Thema Léift dierf op sengem Album net feelen a sou ass d’Single "Love Of My Life" bëssen d’Geschicht wéi et ass wann een seng grouss Léift verléiert. Eng cool a bësse méi rockeg Single.
Meng Liblingssingle ass dann awer d’Lidd "Late Night Talking", wat mech bëssen un Phil Collins erënnert. Eng Power-Single déi vill Elementer aus dem Funk mat dobäi huet.
Den Harry Styles kann awer och ganz roueg an emotional ginn wéi hien dann och zum Beispill an der Single "Matilda" beweist. Hei séngt hie vun engem Kolleeg dem seng Famill net wierklech fir hien do war an deen awer herno säi Liewe gutt an de Grëff krut.
Dem Harry Styles säin "Harry’s House" beweist wéi villsäiteg de brittesche Museker ass.
Een zimmlech gelongenen Album fir all d’Fans vun e bësse Retro-Vibes. Vu mir gëtt et eng 4/5.