Dës Woch presentéiere mer der kanadescher Sängerin hiren Debut Album "i used to think I could fly"

Lauschtert hei de ganze Reportage

2003 ass déi jonk kanadesch Sängerin Tate McRae op d’Welt komm an huet réischt zimmlech spéit no enger erfollegräicher Ballet-Karriär ugefaangen sech fir Musek ze interesséieren an och selwer Lidder ze schreiwen. 2017 huet d’Sängerin déi éischt eege Lidder op YouTube eropgelueden a konnt mat "One Day" deen éischten Erfolleg féieren.

No zwou EP’s am Joer 2020 an 2021 ass dann elo endlech der jonker Musekerin hiren éischten Album "i used to think I could fly" op de Marché komm.

De Longplayer op dem 13 richteg Lidder an een Intro drop sinn, ass eigentlech een zimmlech relaxen a rouegen Album ginn.

Bei der éischter Single "don’t come back" séngt d’Sängerin dovunner, wéi et ass wann een säi Partner oder ee gudde Frënd verléiert. Eng ganz emotional an déifgrënneg Single.

Bësse méi Power huet dann awer d’Lidd "what’s your problem", wat éischter bësse méi elektronesch Beats huet an och mol an engem Club kéint lafen. Dës Single stécht eigentlech doduerch och bëssen eraus.

Meng Lieblingssingle ass dann awer d’Lidd "what would you do", vue dass dëst eng Mëschung tëschent allem ass, relax a roueg Momenter awer och poppeg genuch fir net ënnert Balladen ze falen.

Zum Schluss ass dann um Album och nach d’Ballade "I Still Say Goodnight", déi vum Billie Eilish sengem Brudder Finneas geschriwwe gouf. An dat héiert een dann natierlech och direkt eraus.

Am groussen a ganzen ass et kee schlechten Album, deen e puer Highlighter opzeweisen huet. Leider klengen vill Lidder zimmlech nämmlecht an stiechen doduerch och net wierklech eraus. Leider kann sech déi jonk Sängerin Tate McRae net wierklech vun anere Sängerinnen ofhiewen mee den Album ass awer villverspriechend fir seng Zukunft. Vu mir gëtt et eng 3/5.