Dës Woch hu mer deen neien Album "Twelve Carat Toothache" vum amerikanesche Rapper Post Malone mat dobäi.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De 26 Joer alen amerikanesche Rapper Post Malone huet 3 Joer no sengem leschte mega-erfollegräichem Album "Hollywood’s Bleeding" elo säin neiste Longplayer released. Mam Album "Twelve Carat Toothache" presentéiert de Post Malone eng Mëschung tëschent Hip-Hop, Rock, Country awer och bësse Pop wat aus dem Longplayer een richtegen Allrounder mëscht.

De Post Malone schwetzt nawell vill Themen, positiver a negativer aus sengem Liewen un. Sou och am Lidd "Cooped Up" zesumme mam Roddy Ricch wou hien doriwwer séngt wéi hien eng Kéier duerch Droge bësse Problemer mat der Police kritt huet.

Drogen an Alkohol si méi dacks Themen a senge Lidder a sou dann och bei der Single "Euthanasia" bei der hie vum Alkohol a  senge Folge schwätzt wéi wann dat eng Persoun wier déi hie géif mat engem Schlagring schloen.

Bësse méi positiv ass dann zum Beispill d’Single "I Like You (A Happier Song)" zesumme mam Doja Cat wou et mol eng Kéier net ëm Problemer geet mee em eng summerlech Lovestory.

Mee net nëmme mam Doja Cat huet de Post Malone zesummegeschafft, och mam The Kid Laroi, wat fir de Rapper ee vun talentéiertste jonke Museker am Moment ass. D’Single "Wasting Angels" hei huet hien dann och nach eng Kéier bësse méi positiv Akkorden agebaut déi vum Keyboard ënnermoolt ginn an ee bësse méi poppege Sound kreéieren.

Déi lescht Single um Album ass dann "One Right" zesumme mam The Weeknd, déi jo och schonn als Single Auskopplung rauskomm war. Bei dëser stëmmt einfach alles an et mierkt en definitiv dass hei warscheinlech mat déi zwee gréisste Museker am Moment zesummegeschafft hunn.

Een Album deen Héichten an Déiften huet an och dem Post Malone seng däischter Säit wéist. En gelongen Album deen awer nach Loft no uewe léisst vue dass bëssen u Power feelt. Vun eis kritt den Album eng 3.5/5.