Dës Woch stelle mer de ganz neien Album vum brittesche Singer a Songwriter George Ezra vir, deen hien zu Barcelona geschriwwen huet.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De 29 Joer ale brittesche Singer a Songwriter George Ezra huet am Alter vun 13 Joer ugefaange selwer Musek ze schreiwen an huet 2012 säin éischt Lidd "Introducing" bei der BBC released.

No 2 Alben am Joer 2014 an 2018 ass de brittesche Museker elo zeréck mat sengem drëtte Studioalbum "Gold Rush Kid". Déi 12 Lidder um Album sinn eigentlech alles Songs déi nawell zimmlech gutt am Ouer hänke bleiwen.

Lass geet et da mat der Single "Anyone For You" déi als éischt Single Auskopplung vum Album rauskomm war an direkt wéist wéi et musikalesch am Album wieder geet.

D’Single "Green Green Grass" soll do si fir ze weisen, dass een d’Liewe soll feieren an et trotzdeem iergendwann wäert eriwwer sinn. Hei soll een dann och nach eng Kéier Party maache seet hien an der Zeil "green green grass, blue blue sky, you better throw a party on the day that I die".

Fir dësen Album ze schreiwen, war den George Ezra fir eng gutt Zäit op Barcelona gefuer, wou hien dunn an engem Air B'n'B all seng Lidder geschriwwen huet.

Interessant sinn dann awer och nach Lidder wéi "Dance All Over Me" bei der de Sänger seng Fans an den House-Pop entféiert a mol eng Kéier bëssen aner Téin ustëmmt. Dass den George Ezra sech och fir Elektronesch Musek interesséiert, héiert een och dann an der Single "I Went Hunting" wou een seng klassesch Gittar héiert déi vun elektronesche Beats ënnermoolt gëtt.

Dës Single ass dann awer eng ganz emotional well de Sänger hei dovunner séngt dass et him psychesch net ëmmer esou gutt geet an hien sech heiansdo fillt wéi eng Schallplack déi hänke bliwwen ass.

De Sunny Boy George Ezra wéist sech hei vu ganz verschiddene Säiten an dat héiert een definitiv wann een sech de kompletten Album ulauschtert.

Et ass ee wierklech gudden Album, dee vill musikalesch Facettë vum Museker wéist an trotzdeem an der Linn vum George Ezra bléift. Dem Museker seng akustesch Gittar a seng immens Stëmm sinn de roude Fuedem duerch den Album "Gold Rush Kid".