Dës Woch stelle mir de ganz neien Album vun der däitsch-kanadescher Sängerin Alice Merton vir.

Déi däitsch Musekerin Alice Merton ass eigentlech zu Frankfurt op d’Welt komm, huet awer seng komplett Kandheet a Kanada verbruecht. Säit sengem 13. Liewensjoer ass d’Musekerin awer rëm an Däitschland.

Am Joer 2016 huet d’Alice Mertin säin éischten Hit "No Roots" erausbruecht, an deem hatt dovunner séngt wéi et ass wann een sech net wierklech éierens doheem fillt.

Duerno huet et awer nach 3 Joer laang gedauert, bis 2019 säin éischten Album "Mint" op de Marché komm ass.

Elo nach eng Kéier 3 Joer méi spéit huet d’Alice Merton säin zweeten Album mam Titel "S.I.D.E.S." erausbruecht, op deem 15 Lidder mat drop sinn.

Am Lidd "Loveback" beschreift d’Sängerin, dass hatt keng aner Persoun brauch fir existéieren ze kënnen. Dës Single schéngt dann och de roude Fuedem duerch den Album ze sinn, deen sech heiansdo bësse wéi en Trennungsalbum sech unhéiert.

Weider geet et zum Beispill an der Single "Future", wat eng bësse méi elektronesch Pop Single ass. Op "Samt Team" séngt d’Alice Merton, dass hatt net méi an där selwechter Ekipp wéi eng aner Persoun wëll spillen.

Bëssen anescht kléngt dann awer d’Single "Blindside". An dëser schwätzt d’Alice Merton dovunner, dass vill Mënschen hautzedaags just nach schwaarz oder wäiss gesinn an net méi kloer dat Ganzt kënne kucken.

Meng Liblingssingle um Album ass dann awer d’Lidd "Vertigo"wat de komplette Géigendeel vu villen anere Lidder um Album ass. Eng Single där et definitiv net u Power feelt a nach eng Kéier wéist wéi villfälteg d’Sängerin ass.

Déi lescht Single um Album "The Other Side" kléngt wéi wann d’Alice Merton sech wärend dem Schreiwe vum Album vill Gedanke gemaach hätt an dës awer all am Longplayer verschafft kritt hätt a lo rëm op där positiver Säit géif stoen.

Déi 28 Joer al Musekerin stoung jo dann och viru kuerzem hei zu Lëtzebuerg wärend dem USINA Festival op der Bün. Eventuell kënnt hatt jo deemnächst nach eng Kéier zeréck fir deen neien Album virzestellen.

Als Fazit kann ee soen dass et een zimmlech nodenklechen Album ass, deen awer zimmlech gutt geroden ass a wierklech all Säit vun der Musekerin weist.