No "Everything Not Saved Will Be Lost Part I & II" an dem Départ vun hirem Keyboarder Edwin Congreave sinn d'Foals zeréck mam neien Album "Life Is Yours"!

Mat Lidder ewéi «My Number» oder «In Degrees» hunn d’Foals eis schonn e puer Mol an hirer Karriär ganz léif fir en Danz gefrot. Mat de fette Bass-Linen, de penetranten Drums an de catchy Synthies op “Life Is Yours” paken déi dräi Museker eis awer elo um Aarm a rappen eis mat no vir op d’Danzpist, ob mir wëllen oder net!

Foals "Life Is Yours" / Spotify

Den neie Longplayer huet d’Formatioun ëm de Yannis Philippakis am Wanter wärend dem Lockdown geschriwwen. Mat «Life Is Yours» bréngen si ganz gutt op de Punkt, wat mir alleguer wärend der Pandemie esou vermësst hunn: Laang Party-Nuechten, sozial Kontakter a Live-Musek!

Foals Album-Release Insta-Post

Mat onbeschwéierten an accessibele Melodien, rhythmeschem Funk an engem gudden Deel Melancholie hummeren d’Foals gutt 40 Minutten op eis an. Leider ass d’Ufanks-Euphorie awer net fir laang. Zimmlech séier erkennt ee Melodie-Verleef an Harmonie-Strukturen erëm. Spéitstens ab «Looking High» gëtt et dann einfach monoton. Schued, well et hat Spaass gemaach a gären hätt ech nach e bësse weidergedanzt!

Foals "2am" Video