Dës Woch stelle mer deen zweeten Deel vum Duebel-Album vun den Imagine Dragons vir.

Am September 2021 huet déi amerikanesch Pop Band Imagine Dragons den Album "Mercury – Act 1" erausbruecht gehaat op dem Lidder wéi "Follow You" oder och "My Life" mat drop waren. Een zimmlech poppegen Album dee wéi de Numm et well verréit just den éischten Deel war.

Lo huet d’Band dann mat "Mercury – Act 2" de Nofollger erausbruecht, dee nawell bëssen anescht sech unhéiert wéi deen éischten Deel. Lass geet et mam Opener "Bones" wat och schonn als Single-Auskopplung erauskomm war. Dëst ass dann och dat eenzegt Lidd um Album wat bësse méi no vir geet.

Duerno geet et wesentlech méi melancholesch a roueg wieder. Lidder wéi "Sharks" oder "I Don’t Like Myself" sinn eng ganz aner Welt wéi d’Opening Single.

Trotzdeem mierkt ee ganz kloer, dass sech d’Band wierklech Gedanken gemaach huet wéi se den Album sollen ophuelen an dat héiert een zum Beispill bei "Take It Easy". Bei dem Lidd mengt een si hätten de Mikro matzen an de Raum gestallt fir opzehuele fir ee Live-Sound ze kreéieren.

Bësse méi poppeg ass dann d’Single "Waves" bei der den Tempo och no vir geet an doduerch bësse méi fir freedeg Téin suergt.

Déi ganz Stëmmung um Album ass zimmlech positiv, vue dass de Sänger Dan Reynolds et ëmmer rëm fäerdeg bréngt immens positiv Texter ze schreiwen.

Perséinlech fannen ech dass den Album wierklech gutt produzéiert ass mee et kéint ee musikalesch méi aus der Band eraushuelen. Scho laang hunn d’Imagine Dragons näischt méi mat enger Pop-Rock-Band méi ze dinn. Den Album ass éischter zimmlech roueg a musikalesch langweileg. Et feelen dem Album definitiv nach 2-3 Lidder déi een och mol op engem Concert ka matsangen an déi bësse fir Stëmmung suergen.

Vu mir kritt den Album eng 6/10 well ee weess dass d’Imagine Dragons och anescht kënnen.