
© Eldoradio
Dës Woch stelle mer der amerikanescher Power-Sängerin Lizzo säin neien Album "Special" vir.
Déi amerikanesch Sängerin a Rapperin Lizzo huet no 3 zimmlech erfollegräichen Alben elo säi 4ten Studioalbum "Special" erausbruecht. Wann een sech den Album ganz ulauschtert, dann ass een no ronn 35 Minutte komplett doduerch, wat nawell zimmlech kuerz fir een Album ass.
Trotzdeem huet den Album awer genuch Lidder mat drop, déi weise wisou d’Lizzo säit deene leschte Joren esou ee Star ginn ass. Spéitstens säit sengem leschten Album am Joer 2019 ass d’Musekerin net méi aus den Charts ewechzedenken.
Als éischt Single vum Album war jo d’Lidd "About Damn Time" erauskomm, déi international iwwerall op de Radioe gelaf ass.
Um Album sinn trotzdeem awer 12 Lidder mat drop fänkt direkt bësse méi funky mat der Single "The Sign" un déi dann och den Tempo vun dësem net sou Long-Player ugëtt.
insta
Bësse méi an den Hip-Hop Beräich geet et da mat der Single "Grrrls" déi vu massive Beats ënnerluecht ass op déi d’Lizzo da rappt.
Awer net nëmme bei Hip-Hop a rappe fillt sech d’Musekerin wuel mee och bei Lidder wéi "2 Be Loved" wéist d’Lizzo dass hat einfach och eng gutt Sängerin ass. Dëst ass dann och fir mech perséinlech déi beschte Single déi den Album ze bidden huet.
Bësse méi roueg geet et dann an der Single "Naked" wieder déi éischter net esou fir Party mee éischter fir déi bësse méi roueg Stonne geschriwwen ass. Dëst ass awer éischter déi eenzeg Single déi net esou no vir geet um Album.
Dem Lizzo seng Positivitéit wéist sech och an dësem Album a suergt dofir dass seng Musek ëmmer rëm fir gutt Laun a Stëmmung suergt, och wann heiansdo mol méi seriö an déifgrënneg Theme behandelt ginn.
Dat lescht Lidd um Album heescht dann "Coldplay". Hei ass dann och ee Sample vun der brittescher Band agebaut. Dës Single huet d’Lizzo dann och Coldplay gewidmet vue dass dës Band hat duerch vill schwéier Zäite bruecht huet.
"Special" ass wierklech ee gudden Album, dee rëm wéist wéi villsäiteg d’Lizzo ass. Vu ganz roueg bis hin zu fette Beats ass alles mat dobäi a jidderee misst hei eppes fanne wat em gefält.