No sengem leschten Album am Joer 2016 ass d'Beyoncé elo mat sengem neie Longplayer "Renaissance" zeréck.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Warscheinlech ginn et op der Welt net méi ganz vill Leit déi nach näischt vum Beyoncé héieren hunn. Ugefaangen huet zimmlech alles am Joer 1997 mat der Grënnung vun der Band "Destiny’s Child". 2002 ass d’Beyoncé dunn awer mat senger Solo-Karriär duerchgestart a gëllt bis haut als eng vun deene gréisste Sängerinnen an der Museksgeschicht.

Elo huet d’Beyoncé dann och säi ganz neien Album "Renaissance" erausbruecht, op den d’Fans schonn ongedëlleg gewaart hunn. Dëst ass dann och der Sängerin hire 7ten Studio-Album.

Den Album mat senge 16 Lidder dauert knapp iwwert eng Stonn, wat heescht, dass déi meescht Lidder nach méi wéi 3 an eng hallef Minutt daueren, wat hautzedaags jo och scho bal net méi virkënnt.

Am Virfeld vum Album hat d’Beyoncé jo schonn d’Single "Break My Soul" erausbruecht, mat der hat scho gewisen hat, wat een sech vum Album kann erwaarden. An zwar modern Musek, déi Influenzen aus den 80er a 90er Joren huet.

Bësse méi roueg ass dann d’Single "Energy" déi vun engem massive Bass ënnerluecht ass a bei der d’Beyoncé och mol heiansdo ufänkt mat rappen.

Bësse méi lieweg ass dann d’Single "Move" bei der d’Sängerin zesumme mat der jamaikanescher Sängerin Grace Jones gesongen huet.

Wien de klassesche Sound vum Beyoncé feiert, dem dierft dann och d’Single "All Up In Your Mind" gefalen. Dëst Lidd suergt fir gutt Stëmmung a kann och mol am Ouer hänke bleiwen. D’Sängerin selwer sot dass hat hofft dass dës Single einfach jiddereen zum danze kritt.

Den Album ass definitiv net schlecht a fir Beyoncé Fans warscheinlech ee richteg staarke Longplayer. Fir mech perséinlech ass den Album zimmlech perfekt produzéiert mee verschidde Lidder si mir ze vill änlech. Trotzdeem géif ech dem Album eng 8/10 ginn.