
© Eldoradio
De britteschen DJ a Produzent ass zeréck mat engem neien Album an huet nawell eng ganz Rei Leit mat am Gepäck.
De Calvin Harris ass scho laang keen onbekannte méi an der elektronescher Musek. Ugefaangen huet eigentlech alles an de Joren 2006 bis 2008 wou de britteschen DJ a Produzent och säin éischten Album "Vegas" released hat.
Eng Rei Jore méi spéit sti mer am Joer 2022 an de Calvin Harris ass net méi aus der musikalescher Zeen ewechzedenken. Hie gehéiert zu deene gréissten DJ’en op der Welt a produzéiert een Hit nom aneren.
Elo ass dann och endlech säin neie summerlechen Album "Funk Wav Bounces Vol. 2" dobaussen, dee ganzer 5 Joer no sengem Virgänger dem Vol. 1 op de Marché kennt a säi sechste Studioalbum ass.
Um Album sinn dann 14 Lidder mat drop déi all net eleng vum Calvin Harris produzéiert goufen. Sou kann een um Longplayer eng ganz Rei aner Leit héieren déi mat geschafft hunn, wéi zum Beispill den Justin Timberlake, Halsey, Charlie Puth, Dua Lipa a nach ganz vill anerer.
Lass geet et da mat engem kuerzen Intro ier déi éischt Single "New Money" mam 21 Savage an den Album aleed.
Duerno geet et dann och mat der scho bekannter Single "Potion" zesumme mam Dua Lipa a Young Thug wieder.
De Calvin Harris ass bekannt fir seng summerlech easy-listening Lidder déi direkt zu Hits ginn. Sou war et dann och mam Lidd "Stay With Me" zesumme mam Justin Timberlake, Halsey a Pharrell. Dës Single huet dann och op Spotify schonn iwwer 23 Millioune Streams erreecht.
Den Album ass definitive kee schlechten Album, ass allerdéngs wéi dacks béi DJ – Albe bësse méi monoton gehale vue dass den DJ säin eegene Stil huet fir ze produzéieren.
De kompletten Album suergt awer fir gutt Vibes a wäert och nach deen een oder aneren Hit mat sech brénge wann d’Fans en lo méi dacks gelauschtert hunn. Mäin Geheimtipp wier jo hei nach d’Single "Ready Or Not" zesumme mam Rapper Busta Rhymes.