
© Tun Tonnar
Déi lëtzebuergesch Sängerin Angel Cara huet seng éischten EP "Music To Cry To" released.
Déi jonk lëtzebuergesch Sängerin Angel Cara huet virun e puer Joer ugefaange Musek ze maachen an huet séier fir sech erausfonnt, dass hat iergendwann eng Kéier wéilt eng eegen EP erausbréngen.
Den 26. September ass da lo déi laang erwaarten EP "Music To Cry To" erauskomm an am Viraus ware jo och schonn zwee Lidder "Dior Bag"an "Sick of Me" als Single Auskopplung erauskomm gewiescht.
"Also ech hu fonnt dass déi schonn ee ganz gudden Avant-Goût ginn hunn fir d'EP, well déi zwee Lidder sinn d'selwecht awer och relativ verschidden. An ech fannen, dass dat bësse meng musikalesch Richtung ka weisen déi ech lo mat der EP wäert goen."
Vue dass d’Angel Cara eng zimmlech perfektionistesch Persoun ass, war hat lo och bal 2 Joer am Studio an huet zesumme mam Max Hochmuth, Tom Gatti a mam Tun Tonnar u senger éischter EP "Music To Cry To" geschafft.
"Déi Lidder déi drop si, si ganz verschidden, mee et ass awer ee Vibe. Fir mech war dat awer eng ganz emotional Rees well dat och fir mech eng therapeutesch Aarbecht war. An dofir eben "Music To Cry To"."
D’EP selwer beschreift da bëssen dem Angel Cara säi Liewen, an deem hat sech heiansdo gefillt huet wéi op enger Achterbunn vu Gefiller. Dat wollt d’Musekerin dann och a senge 6 Tracks op der EP zeréckginn.
"Eigentlech geet et mer dorëms net nëmme mat "Music To Cry To" u negative Gefiller unzehalen, well fir mech ass kräischen an Emotioune weisen net nëmmen un negativ Emotioune gebonnen."
Dem Angel Cara seng Liblingslidder op der EP sinn dann "Scorpio" an "Tombstones". Bei der Single "Tombestones" huet d’Angel Cara dann och bësse méi experimentell Saache mat afléisse gelooss.
"Ech wollt wierklech dat duerstelle wéi d'Leit mech opfaassen op Instagram oder sou. Ech well dat Bild wat vill Leit vu mir hunn einfach briechen."
An Zukunft wäert een d’Angel Cara dann och mat enger Live-Band gesinn, mat der hat dann och déi nei EP wäert presentéieren. Hei ginn et wieder Informatioune ganz geschwënn op sengem Instagram Account