
Mat "Attention" oder "See You Again" ass den Charlie Puth grouss erauskomm. Elo ass hien zeréck mam Hit "Light Switch" a sengem ganz neien Album "CHARLIE"!
De Plang en Album erauszebréngen hat den Charlie Puth schonn 2019. Dass dat awer näischt ginn ass, huet ënnert anerem mam Elton John ze dinn. Nodeems den Charlie probéiert huet e Bad-Boy-Image opzebauen an déi dräi éischt Single-Auskopplungen “I Warned Myself”, “Cheating on You” a “Mother” deemools geflopped waren, hat deen sech den Charlie nämlech emol eng Kéier op d’Broscht geholl. «Déi dräi Lidder déi’s du bis elo erausbruecht hues, klengen absolutt net nom wonnerbare Sound vun dengem zweeten Album. Ech sinn der Meenung, dass du ze vill Leit an deng Musek involvéiers.»
Och vu ville Fans krut de Sänger Kommentarer ewéi «Du kléngs wéi wann’s du dech selwer vill ze seriö hëlls!», «Bass du sécher, dass du mat deene richtege Leit ënnerwee bass?» oder «Deng Musek kléngt ganz anescht…guer net méi esou natierlech.» Virun der Begéinung mam Elton John huet den Charlie esou Messagen ëmmer geläscht, mee duerch d’Wierder vun der Legend huet hien erkannt, dass seng Fans net nerve wollten, mee d’Wourecht gesot hunn. D’Pläng fir säin Album huet hien doropshin wuertwiertlech zerrappt.
No deem Schock huet den Charlie sech zeréckgezunn, wäit ewech vu Leit déi him net guttgedoen hunn a wäit ewech vun der Hollywood-Industrie. Wärend engem laange Prozess huet hien zeréck bei seng eege Kreativitéit fonnt a sech geschwuer just nach iwwer perséinlech Themen ze schreiwen. Mat «CHARLIE» presentéiert hien eis elo säin neit an éierlecht Wierk, op deem hien iwwert d’Trennung vu senger Ex-Frëndinn verschafft.
Am Fong wier alles do, fir dass «CHARLIE» zu engem richteg gudden Album gëtt. D’Produktioun ass vum Feinsten, d’Texter si wierklech intensiv an d’Geschicht hannert dem Longplayer ass enorm. Den Charlie Puth kann déi Emotiounen awer leider net eriwwerbréngen, dofir kléngt den Album dann awer vill ze glat, esouwuel Vocals ewéi Instrumentals. Vläicht mécht et déi nächste Kéier Klick!