Déi schwedesch Sängerin Tove Lo huet säi fënnefte Studioalbum "Dirt Femme" released, dee fir bal all Genre eppes ze bidden huet.

Déi schwedesch Musekerin Tove Lo huet am Joer 2006 ugefaange selwer Musek ze schreiwen. Nodeems hat a ville Bistroe live gespillt huet, huet seng Karriär dann och direkt esou richteg ugefaangen.

Elo huet d’Musekerin huet elo mat sengem neien an aktuellen Album "Dirt Femme" säi fënnefte Studioalbum erausbruecht. De Sound vum Album ass eigentlech typesch fir d’Sängerin rëm zimmlech eegen an eng Mëschung tëschent klasseschem Pop a bësse méi däischteren Téin.

Beim éischten Track "No One Dies From Love"  geet et dann och schonn direkt ëm eng Trennung. Hei séngt d’Tove Lo iwwert de Verloscht vun enger ganz wichteger Persoun a sengem Liewen. De Sound kéint och an engem Blockbuster-Film als Titelmusek lafen.

Bësse méi elektronesch Vibes hunn dann d’Lidder "2 Die 4" an "How Long", déi anescht wéi de Recht vum Album éischter mat Synthesizer Melodien ënnerluecht sinn an éischter an den EDM Beräich scho ginn.

Komplett anescht sinn da Lidder wéi "Cute & Cruel" oder "I’m To Blame" déi wesentlech méi roueg sinn an éischter als klassesche Singer a Songwriter Pop duerchginn.

Um Album sinn dann och zwou Kollaboratioune mam SG Lewis mat drop déi allerdéngs um komplette Longplayer bëssen ënnerginn.

Als Fazit kann ee soen, dass et een Album ass deen net schlecht ass, awer iergendwéi komesch zesummegewierfelt ginn ass. Et si bësse vill verschidden Genren mat agefloss, déi den Album bëssen onroueg wierke loossen. Den Album kritt vun eis eng gutt gemengte 6/10.