Déi amerikanesch Sängerin Taylor Swift huet mat sengem neie Longplayer "Midnights" säin 10ten Studioalbum op de Marché bruecht.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Déi 32 Joer al amerikanesch Sängerin Taylor Swift muss ee warscheinlech kengem méi virstellen. Am Joer 2006 huet d’Musekerin säin éischte Studioalbum released gehat a war vun do un net méi ze bremsen.

Elo 16 Joer méi spéit ass et da schonn dem Taylor Swift säin 10ten Studioalbum deen elo ënnert dem Numm "Midnights" erauskomm ass. Den Album ass da mat 13 Lidder a 44 Minutten een zimmlech vollgepaakte Longplayer ginn.

Lass geet et mat der Single "Lavender Haze" wat eng bësse méi roueg Single ass, bei der de Bass wéi den Häerzschlag an den Album eraféiert. Hei geet et ëm d’Gefill vum Verléift sinn.

Eng Single wéi "Anti-Hero" wäert da warscheinlech och op social Media Fouss faassen, vue dass et eng Single ass déi definitiv geduecht ass fir matzesangen an am Auto bei guddem Wieder opzedréinen.

Awer och eng aner Musekerin huet et bei d’Taylor Swift op den Album gepackt. D’Lana Del Rey séngt beim Lidd "Snow On The Beach" zesumme mam Taylor Swift de Refrain. Leider geet dem Lana de Rey seng Stëmm an dëser Single bëssen ënner.

Bësse méi experimentell ass dann d’Single "Midnight Rain" an der bësse méi elektronesch Beats an esouguer net esou wéineg Autotune benotzt ginn. Ee bëssen anere Sound wéi de Recht vum Album. Suergt awer fir eng kleng Oplockerung tëschent deenen anere Songs

Eng bësse méi peppeg Single ass dann den Track Nummer 11. Bei der Single "Karma" seet d'Taylor Swift dass Karma säi Partner wier an dass hat ganz no dem Stil géif liewen. Fir mech ass dat dann och dee beschten Track um Album.

Funfact, wéi den Album an der Nuecht op den 21. Oktober erauskomm ass, huet en einfach mol de Streaming Déngscht Spotify bezwongen, dee fir e puer Stonne keng Lidder méi vum Taylor Swift konnt ofspillen. Do gesäit een dann och wéi een Undrang op den neien Album war.

Definitiv ee gudde Pop-Album vum Taylor Swift, dee méi erwuesse wéi seng lescht Longplayer kléngt. Den Album "Midnights" kritt en 8/10.