
Mat "Sonder" bréngt den iresche Singer- Songwriter säin 2. Studioalbum eraus.
Zanter dem Release vu sengem Debut-Album "Without Fear" misst den Dermot Kennedy deene meeschten e Begrëff sinn. Mat Songs wéi "Outnumbered", "Power Over Me" a spéider der Kollaboratioun mat Meduza op "Paradise" ass den eemolege Stroossemuseker weltwäit duerch seng gefillsvoll Lyrics a seng markant Stëmm bekannt ginn.
Déi Déift, esou wuel a Punkto Songwriting, wéi och vocals, zitt sech och duerch säin zweete Studioalbum mam Numm "Sonder".
De Begrëff Sonder dréckt aus, dass ee sech bewosst ass, dass all Mënsch e Liewe féiert, dat genee esou villfälteg a komplex ass wéi säin eegent. Lauschtert ee sech duerch déi 11 Tracks mierkt een, dass de Sänger sech dëst Konzept zu Häerze geholl huet. Virun allem bei de méi emotionale Songs wéi "Something to Someone" oder "Innocene and Sadness" mengt een, de Kennedy géif en intimen Abléck a seng Gefillswelt ginn, wärend ee sech gläichzäiteg an d‘Texter eran dreemt oder souguer erëm erkennt.
Wat de Sound ugeet bleift de Sänger sech gréisstendeels trei, just bei "Divide" schléit en eng méi retro-Schinn an, bei "Any Love" probéiert e sech ufanks un Auto-Tune an a bei "One Life" léisst en e puer Hip Hop Elementer afléissen.
Fir de Recht si vill Tracks änlech opgebaut, fir verschidde Leit sécherlech ze änlech an ze schnulzeg. Och a punkto Songwriting ginn et fir Fans vum Dermot Kennedy keng gréisser Iwwerraschungen. Dofir awer vill Emotiounen, well wann een eppes ka soen, dann, dass dem Museker seng Lidder Gefiller ausléisen. Sief dat Hoffnung bei Tracks wéi "Better Days", Nostalgie bei "Blossom" oder Trauregkeet bei "Already Gone". Hie bréngt et fäerdeg mat senger Stëmm an de Lyrics eng Déifgrënnegkeet ze kreéieren, déi een dacks am Pop-Genre vermësst.
Gläichzäiteg huet e bei e puer Songs, déi typesch "Dermot Kennedy Poesie", déi e bei "Without Fear" un den Dag geluecht huet, verluer. Verschidde Songs klénge wéi wa se aus der Fieder vun engem aneren typesche Pop-Sänger wéi dem Ed Sheeran oder Lewis Capaldi kéinte kommen. Esou ass "Dreamer" en Ticken ze Cliché, wärend "Kiss Me" einfach ze glat kléngt.
E revolutionären Album? Mat Sécherheet net. Dofir huet en net genuch Ecken a Kanten. Den Dermot Kennedy hätt sech sécher kéinte méi trauen, virun allem well mer duerch seng Cover vu Metallica bis Taylor Swift wësse wéi villfälteg e ka sinn. Ma et ass e gelongenen Album a genee dat wat sech Fans erhofft an erwaart hunn. An am Endeffekt war dat och dem Museker säin Zil: "Déi Musek soll eis all gehéieren, dass mer an hir eis eege Geschichten an Trouscht fanne kënnen".
Wien de Sänger live erliewe wëll kann dëst den 28. März an der Luxexpo maachen!