De franséische Rapper GIMS huet elo säi fënnefte Studioalbum erausbruecht, dee nawell bëssen anescht wéi gewinnt kléngt.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De franséische Rapper GIMS kenne vill Leit nach ënnert dem Numm Maître Gims oder vum Hip-Hop Kollektiv Sexion D’Assaut bei dem hie säit Joerzéngte mat dobäi ass.

Elo huet de Rapper als GIMS säi fënnefte Studioalbum "Les Dernières Volontés de Mozart" op de Marché bruecht, dee nawell vum Stil hier bëssen anescht ass wéi een dat soss vun him gewinnt ass. Bësse manner krass an haart Beats an dofir bësse méi poppeg Téin dës Kéier mat dobäi.

Mam Track "Maintenant" hat de GIMS jo virun e puer Méint well den Album annoncéiert gehat an d’Richtung scho bëssen uginn. Hei hat ee scho bëssen den 80er Pop Sound eraushéieren.

Och Gesang ass op dësem Album bësse méi mat drop, vue dass de GIMS seet, dass d’Leit méi vu senger Musek beréiert wiere, wann hie géif sangen amplatz ze rappen. Dat heescht awer net dass et net awer nach een Hip-Hop Album ass.

Um Album sinn dann och dräi ganz verschidde Kollaboratioune mat drop. Hei ass zum Beispill d’Single "Demain" mam Carla Bruni déi éischt Iwwerraschung gewiescht.

Beim bësse méi emotiounsgeluedene Lidd "Te Amo" ass dann de Sänger Tayc mat drop an déi franséisch Kult-Sängerin Edith Piaf ass bei "Après-vous Madame" als Sample mat um GIMS sengem Album vertrueden.

Wann een "Les Dernières Volontés de Mozart" mam Museker senge leschten Albume vergläicht, da mierkt ee séier dass déi franséisch Chanson ëmmer méi Platz a senge Lidder kritt, wat seng Musek dann einfach méi poppeg klénge léisst.

An engem Interview huet de GIMS dann och well verroden dass déi nächst Tour manner mat Pogo a Freestyle mee éischter mat Orchester an Dänzer ze dinn hätt.

Ee ganz interessanten Album vum franséische Museker, dee wéisst, dass hien a ville Museksstiler doheem ass. Mat 18 Tracks ass et och mol rëm eng Kéier bësse méi ee laangen Album, fir deen een sech dann och eng gutt Stonn sollt Zäit huelen.

Den Album kritt vun eis eng 8/10.