Den däitsche Rapper huet mat "Paul" wuel dee perséinlechsten Album a senger Karriär op de Marché bruecht.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De Paul Würdig alias Sido dierft sou zimmlech all Mënsch ee Begrëff sinn deen sech bësse fir Musek interesséiert. Deemools an de fréien 2000er Joren alles ugefaange mat Aggro Berlin an deenen éischten Hits an der Hip-Hop Zeen.

Nodeems de Sido an deene leschte puer Joer awer manner Gangster Rapper mee éischter Radio-tauglesch gi war, ass hien elo zeréck mat sengem neisten a néngte Studioalbum "Paul".

Nodeems de Sido dëst Joer net nëmmen seng Scheedung hannert sech huet mee och een Entzuch vun enger Rei verschiddenen Drogen, huet hien dës Gedanke lo an engem Album bësse verschafft.

Lass geet den Album mat engem Intro wou een héiert wéi de Sido sech an der Suchtklinik virstellt. Den Iwwergang ass déi éischt richteg Single "Atmen" ass fléissend an déi ballert mol esou richteg. Richteg haart Hip-Hop Beats sinn héi um Programm.

Awer och aner Theme wéi seng Realtioun zu sengem Papp ginn a Lidder wéi "Versager" behandelt. Seng laangjäreg Bezéiung zu der Moderatorin Charlotte Würdig déi lo an enger Scheedung op en Enn gaangen ass gëtt dann an der Single "Rollende Steine" behandelt.

Et mierkt een definitiv dass dem Sido dësen Album net einfach gefall ass an dass hien immens vill Themen déi hien déi lescht Zäit bedrécken hei verschafft huet.

An engem Interview huet de Sido dann och gesot, dass seng Figur als Sido warscheinlech de Problem u villem wier an dass hien heiansdo géif vergiesse wéi et wier de Paul ze sinn.

Beim Lidd "Zwischen den Wolken" huet de Sido sech dann och bëssen Ënnerstëtzung vum Karen an dem Tarek vu KIZ geholl.

Den Album ass op jiddefalls an engem Stéck ze lauschteren, vue dass e wierklech dem Sido seng Geschicht aus dene leschte Méint a Jooren erzielt.

Den Album hält da mat zwee Libeslidder op. "Liebst du mich" an "Mit Dir" freet hien sech op déi Leit déi hie gär huet hien och géiffe gär hunn.

Definitiv ee wierklech gudden Album, deen een eventuell no engem vum Sido sengen aktuellen Interviewe soll lauschtere fir alles ze verstoen.

Vu mir kritt den Album eng 10/10.