
Déi italienesch Rock-Band huet mat "Rush" deen éischten Album op englesch released.
Déi italienesch Band Måneskin gouf eigentlech schonn am Joer 2016 gegrënnt, krut deemools awer nach net déi néideg Opmierksamkeet wéi aktuell. No hirer Victoire beim ESC 2021 waren si dunn och net méi ze bremsen a sinn international grouss rauskomm.
No zwee Studioalben am Joer 2018 an 2021 op Italienesch ass deen neie Longplayer "Rush" deen éischten Album komplett op Englesch gesongen.
Am Oktober 2022 war dann och mat "Mammamia" déi éischt Singleauskopplung erauskomm gewiescht, déi mam gewinnte Rock-Sound vun der Band iwwerzeege konnt.
Kuerz drop huet d’Band ronderëm de Sänger Damiano David nach d’Lidder "Supermodel" an "The Loneliest" released, déi nach besse wéi d’Debut-Single ukomm sinn. Dës zwee Lidder hunn dann och allen zwee well iwwer 150 Millioune Streams op Spotify erreescht.
D’Single-Auskopplungen hunn dann och kloer gewisen, dass déi nach zimmlech jonk Band sech wierklech am Rock’n’Roll wuel fillt.
Den Album mat am ganze 17 Lidder drop an 53 Minutte Musek start da mam Lidd "Own My Mind", bei dem een dann och rëm déi markant Basslinne rëmerkennt, déi d’Band ausmaachen.
Weider geet et dann direkt mat enger cooler Kollaboratioun. Keen anere wéi den Tom Morello, Gitarrist vu Rage Against The Machine huet bei "Gossip" matgespillt an d’Single mat sengem Sound beräichert.
Bësse méi emotional gëtt et da bei "Timezone" wat éischter bëssen eng Rock-Ballad ass an der et am Text dovunner handelt dass zwou Persounen déi sech no stinn sech vuneneen Trennen. Hei kann een och héieren dass den Damiano e wierklech staarke Sänger ass.
Hit-Potenzial huet dann d’Single "Baby Said" déi ee bëssen un Bands wéi Muse oder The Killers erënnert. Bësse manner rockeg awer fir de Radio geschriwwen.
Punk-Elementer dierfen dann och net um Album feelen a sou ass "Cool Kids" eng Single an der Måneskin bësse rebelléieren an dovunner sangen dass si och mol gär bëssen iwwert d’Sträng schloen.
Eng roueg Single dierf dann och op kengem Rock-Album feelen. Hei ass "If Not For You" dann éischter ee Song fir déi bësse méi roueg Momenter a wäert um Concert fir vill Briqueten a Luuchten am Publikum suergen.
Måneskin hunn mat hirem Album "Rush" ee wierklech gudden Album released, deen alles huet wat ee klassesche Rock-Album muss hunn. Vu Balladë bis hin zu Lidder déi de Pogo versécheren ass alles mat drop.
Den Album kritt vun eis eng 9/10.