
Dës Woch stelle mer dem Sam Smith säin neie Longplayer "Gloria" vir.
Lass gaangen ass déi musikalesch Karriär beim Sam Smith mat sengem Debut-Album "In The Lonely Hour" am Joer 2014. Hei war scho fréi kloer dass dem Sam Smith seng Lidder éischter méi roueg an emotional wäerte sinn. Am Joer 2016 gouf dem Sam Smith säin Hit "Writing’s On The Wall" fir de 24. James Bond Film ausgewielt, mat deem dann och een Oscar gewonne gouf.
D*e Sam Smith huet an engem Interview am Joer 2017 dann och annoncéiert, sech als non-binär Persoun géifen ze identifizéieren. Dëse Prozess war awer net esou einfach a bis haut kämpft d*e Sam Smith fir d’Rechter vun der ganzer Queerer-Zeen.
Elo ass dann och mat "Gloria" dem Sam Smith säi véierten Album op de Marché komm, dee mat der Club-Single "Unholy" zesumme mat der Sängerin Kim Petras lancéiert gouf. Dës Single stoung dann och kuerz duerno zimmlech weltwäit an den Charts ganz uewen a war direkt ee groussen Hit.
insta
Um Album sinn am ganzen 13 Lidder mat drop. Lass geet et mat "Love Me More" engem Song an deem d*e Sam Smith dovunner séngt, dass een sech heiansdo selwer haasst. Säit sengem Outing als non-binär Persoun wier et awer net méi esou schlëmm wéi virdrun.
Um Album mierkt een dann och a ville Songs, dass dem Sam Smith seng Identitéitsfro sech duerch de komplette Projet zitt.
An engem Interview gouf dann och verroden, dass "Gloria" dem Sam säi Liebingstrack um Album ass, vue dass de Glawen him d’Sange méi no bruecht huet.
Bësse manner kierchlech a méi a Richtung Party geet et dann am Song "Gimme" zesumme mat der jamaikanescher Sängerin Koffee. Hei sinn och mol aner Beats mat agefloss an éischter eng méi dancy Single.
Awer och roueg an emotional Lidder dierfen natierlech och net feelen. "No God" an "How To Cry" si Balladen déi dem Album bësse Rou abréngen.
Als lescht Single um Album ass dann "Who We Love" den Ofschloss deen an enger Kollaboratioun mam Ed Sheeran entstanen ass a wéi den Titel et scho seet bëssen dem Sam Smith säi Liewensmotto beschreift, nämlech: Mir hunn déi gär déi mer ebe gär hunn.
Obwuel ee wierklech raushéiert, dass dësen Album dem Sam Smith net einfach gefall ass, feelt leider ee roude Fuedem duerch de ganze Projet. D’Lidder klénge bësse monoton an och einfach ze experimentell. Och dem Sam seng Stëmm ass leider ze mann extravagant agesat obwuel ee weess, dass déi Stëmm vill méi kann. Doduerch kritt den Album leider just eng 6/10.