
Déi brittesch Sängerin huet säin éischten Album released. Dëst Joer wäert hat och hei a Lëtzebuerg optrieden.
Déi brittesch Sängerin Rachel Keen alias Raye huet schonn am Alter vun 10 Joer ugefaangen seng éischt Lidder ze schreiwen an och schonn dat engt oder anert Instrument ze léieren. Duerch säin Talent ass d’Musekerin dann och mat 14 Joer op der BRIT School opgeholl ginn.
Nodeems d’Sängerin seng éischt EP am Joer 2014 erausbruecht hat, huet de Sänger vu Years & Years d’Raye entdeckt. Dësen huet dem Raye säi Song un eng Plackefirma weidergeschéckt wourop hin d’Sängerin säin éischte Kontrakt krut.
Elo ass d’Raye zeréck mat sengem éischte Studioalbum "My 21st Century Blues" op dem am ganze 15 Lidder mat drop sinn.
No engem éischten Intro geet den Album dann direkt mam Song "Oscar Winning Tears" lass. Dësen Track huet dann och als éischt Zeilen: "Hello, it’s Raye here. Please get nice and comfortable and lock your phones because the story is about to begin".
No deenen éischte Lidder héiert een dann och direkt a wéi eng Richtung den Album geet. Knackeg Beats an dem Raye seng markant Stëmm déi och aus dem Soul kéint komme leeden duerch de komplette Longplayer.
Um Album geet et vill ëm d’Léift a verletzt ze ginn. Awer och Theme wéi Schéinheet a wéi een sech als Mënsch gesäit beschäftegen d’Sängerin a senge Lidder. Beim Song "Environmental Anxiety" sengt d’Raye dann och iwwert de Klimawandel.
Séier mierkt een dass d’Raye ganz vill Theme beschäftegt, déi hat all probéiert huet an dësem Album ze verschaffen. Wann een den Album lauschtert, da fält et eigentlech net wierklech op dass esou vill Themen dra sinn. D’Raye huet et fäerdeg bruecht ee Sound ze produzéieren, deen de kompletten Album an ee ronne Projet apaakt.
D’Haaptsingle vum Album ass dann awer der Pop-Single "Escapism" deen duerch d’Videoplattform TikTok och scho virum Release vum Album dem Raye seng Karriär gepusht huet.
Fir d’Raye war et net ëmmer einfach als Musekerin seriö geholl ze ginn. Mat dësem Album wéist déi brittesch Musekerin eis awer, dass een och erfollegräich ka si wann ee kee grousse Label am Réck huet. An engem Interview huet d’Raye dann och erzielt, dass säi Papp säi Manager wier.
Et ass am groussen a ganzen een zimmlech gudden Album, dee warscheinlech kee Mënsch roueg setze léisst. Haard Beats an och mol méi soft Jazz-Influenze loossen dëse Longplayer wierklech interessant kléngen. Den Album kritt eng 8/10.
D’Raye wäert dann och den 20. November hei zu Lëtzebuerg optrieden, wou ee säin Album da warscheinlech och nach eng Kéier ka live héieren.