
Dës Woch stelle mer deen neien Album vun der amerikanescher Rock-Band Paramore vir.
Déi amerikanesch Rock-Band Paramore gëtt et scho säit dem Joer 2004 an ass duerch der Sängerin Hayley Williams seng Stëmm zimmlech séier deemools och bekannt ginn. Hiren groussen Duerchbroch hat d’Band dunn am Joer 2007 mat hirem Album "Riot!" op deem och d’Hitsingle "Misery Business" mat drop war.
No hirem leschte Studioalbum am Joer 2017 war am September 2022 lo déi éischt nei Single "This Is Why" erauskomm déi dann och dem aktuellen Album säin Titel ginn huet.
An dëser Single héiert een dann och der Band hir Virléiften vun de 70er an 80er Joren. Den éischten Track um Album ass bei dësem Album dann och mol eng Kéier net deen, deen de Sound ugëtt.
Weider geet et dann direkt mat der Single "The News" déi manner oldschool mee éischter bësse méi indie-rockeg kléngt. Hei sinn och méi elektronesch Synth-Sounds mat agebonne ginn. Hei ginn dann och mol bësse méi politesch Themen am Text behandelt.
Och wann d’Emo a Punk Zeen bësse manner ginn ass wéi nach um Ufank vun der Bandgeschicht, probéiere Paramore dëse Sound awer nach bëssen opliewen ze loossen. Vill aner Museker wéi zum Beispill d’Billie Eilish oder d’Olivia Rodrigo soten och schonn dass d’Hayley Williams hiert Virbild wier.
Um Album selwer sinn dann am ganze just 10 Track mat drop déi sech leider net immens vuneneen ënnerscheeden.
Beim Song "Little Man little Dignity" huet d’Band esouguer nach mat enger Horn-Section zesummegeschafft.
Bësse méi soft a roueg ass dann d’Lidder "Crave" wat minimal doduerch och opfällt. Fir den Album ofzeschléissen ass dann d’Single "Thick Skull" awer rëm bësse méi rockeg a wéist, dass Paramore awer och nach bëssen anescht kennen.
Wien an dësem Album awer lo eng Single wéi "Misery Business" erwaart, dee gëtt leider enttäuscht. De kompletten Album ass méi roueg gehalen a manner rockeg. Global gekuckt kann ee soen, dass dem Album leider bëssen un verschiddene Sounds feelt. D’Lidder kléngen op Dauer monoton an doduerch och bësse langweileg. Den Album kritt vun eis eng 6/10.