
© Eldoradio
Déi amerikanesch Sängerin huet endlech säin 9te Studioalbum "Trustfall" erausbruecht.
D’Pink gehéiert säit Joerzéngten zu deene ganz groussen an der internationaler Musekszeen. Duerch Hits wéi "So What", "Just Give Me A Reason" oder och "What About Us" huet d’Pink sech un d’Spëtzt vun den Charts gesongen an och zimmlech all Präis gewonnen deen et gëtt.
Elo huet déi 43 Joer al Sängerin mat “Trustfall” säin neisten a 9ten Album op de Marché bruecht. Virun e puer Méint hat d’Pink jo och schonn d’Singleauskopplung "Never Gonna Not Dance Again" erausbruecht gehat, déi dann och direkt zu engem Hit ginn ass. Déi Single ass iwweregens och d’Titellidd vun der Sendung "Germany’s Next Topmodel" ginn.
Mat 13 Songs a ronn 45 Minutten ass den Album an enger angeneemer Längt vir an enger Kéier duerchgelauschtert ze ginn. Lass geet et da mam zimmlech rouege Lidd "When I Get There" an dem d’Pink den Doud vu sengem Papp a senger beschter Frëndin verschafft. Op jiddefalls ee ganz emotionale Start an den Album.
D’Titelsingle "Trusfall" ass dann awer éischter ee Sound deen een sou nach net immens dacks vum Pink héieren huet. Synthesizer-Sounds an EDM-Beats suergen dofir dass dës Single musikalesch bëssen erausstécht.
D’Single "Runaway" ass da bëssen den Highlight um Album a suergt mat sengen 80er Sounds an dem gudde Refrain dofir dass dëst Lidd direkt am Ouer hänke bléift. Dëse Synthie-Pop-Song soll d’Sängerin da rëm bëssen an d’80er Jore versetzen.
Bësse méi traureg sinn dann déi zwee Lidder "Hate Me" a "Lost Cause" an deenen déi amerikanesch Musekerin iwwert d’Enn vun enger Bezéiung séngt. Och wann d’Pink an Zwëschenzäit scho 17 Joer mat sengem Mann bestuet ass, freet hat sech trotzdeem dacks wéi et fir hie si muss mam Pink soulaang bestuet ze sinn. Um Album ass dann als Ofschloss och nach een Duett mam Chris Stapelton dee hei zesumme mam Pink d’Lidd "Just Say I’m Sorry" séngt.
Den Album ass am groussen a ganze wierklech ee gudde Longplayer. Allerdéngs feelt mir perséinlech niewent "Never Gonna Not Dance Again" nach esou en Wow-Single wéi een dat soss vum Pink gewinnt war. Vu mir kritt den Album eng 8/10.
Fir all déi Leit déi d’Pink wëlle live erliewen, déi kennen am Summer op ee vu senger Concerten am Kader vu senger "Summer Carnival" Tour goe wärend der hat och hei an der Géigend wäert optrieden.