Déi Kölner Band ronderëm dem Henning May seng impressionant Stëmm huet elo hire 4ten Studioalbum released.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Déi Kölner Band AnnenMayKantereit huet mat "Es Ist Abend Und Wir Sitzen Bei  Mir" hire 4te Studioalbum op de Marché bruecht. De Numm AnnenMayKantereit ass aus deenen dräi Grënnungs-Memberen, Christopher Annen, Henning May a Severin Kantereit zesummegesat.

2 Joer no hirem leschte Longplayer ass da lo endlech neit Material vun der Band dobaussen. Et ass och een zimmlech ofwiesslungsräichen Album, dee mol séier, lues, oder haart ass. An och vun den Theme geet et vun Droge bis hin zu Äerdbierskuch an d’Léift zu senger Heemecht-Stad.

Lass geet den Album mam Song "Lass es kreisen" deen nach vum Sound hier bëssen nach wéi de Virgänger-Album "12" kléngt. Hei geet et bëssen ëm d’Existenz-Angscht déi ee wärend der Pandemie hat.

Mam Song "3 Tage Am Meer" hat déi däitsch Band am September 2022 dësen Album ugekënnegt gehat. Hei sangen si dovunner, dass een am stressegen Alldag heiansdo einfach mol muss eraus fir erëm nei Energie ze tanken.

Bësse méi roueg geet et da wieder mat "Es Ist Abend" an der een dann och dem Henning May seng impressionant déif Stëmm ka bewonneren, fir déi d’Band eigentlech bekannt ginn ass.

Bëssen en anert Thema huet dann "Heute Abend Wird es regnen" an dem si vun der Alkoholsucht vun engem Kolleeg sangen. Niewent Alkohol ginn dann och nach de Konsum vun Drogen am Lidd "Wiesshaussstrasse" behandelt.

Et ass also net nëmme méi een Album iwwert Léift, Bezéiungen a wéi ee richteg erwuesse gëtt, mee och iwwer d’Problemer déi dat alles mat sech bréngt.

Awer och zwee Lidder déi ee well laang vun der Band kennt si mat um Album mat drop. Eemol de Song "Ausgehen" deen eigentlech schonn am Joer 2020 erauskomm ass an och schonn op ville Concerte vun der Band gespillt gouf. Ee weideren Track ass dann de Song "Tommi", deen eppes wéi eng Nationalhymne fir vill Kölner ginn ass. Net nëmme Jonker mee ganz vill Léit an esouguer d’Profis vum FC Köln identifizéieren sech mat dësem Lidd wat sech mat der Léift zu Köln als Heemescht beschäftegt.

Ee wierklech gudden Album, dee wierklech musikalesch wéisst, wat d’Jonge vun AnnenMayKantereit drop hunn. Et bléift een zimmlech rouegen Album, deen awer trotzdeem Héichten an Déiften a punkto Sound huet.

Vu mir kritt den Album eng 8/10.