
Déi 30 Joer al amerikanesch Sängerin huet mat "Endless Summer Vacation" säin neie Longplayer released.
Den 13. Januar 2023 hat d’Miley Cyrus mat der Single "Flowers" déi komplett Museksbranche op d’Kopp gestallt a seng Fans eskaléiere gelooss. Kuerz drop stoung dës éischt Single vun der Sängerin sengem neiste Studioalbum international op der Platz 1 vun den Charts.
Dëst ass och bis elo dee gréissten Hit vum Miley Cyrus a senger ganzer Karriär bis elo.
Den 10. Mäerz ass elo dann endlech och de komplette Longplayer mam Numm "Endless Summer Vacation" op de Marché komm.
Am éischten Track vum Album "Flowers" séngt d’Miley Cyrus da vun der Trennung vu sengem leschte Partner ier et dann direkt wieder geet mam Song "Jaded" wat éischter eng Pop-Ballad ass, geet et ëm Saachen déi een eventuell an enger Bezéiung verpasst huet.
Wat bei dësem Album bësse méi speziell ass, ass dass den Album an zwee Deeler opgedeelt ginn ass. Hei ginn et eemol "A.M" Lidder fir den Dag an "P.M" Lidder fir d’Nuecht.
Den Dag soll fir Energie an nei Méiglechkeete stoen déi een a sengem Liewen ëmmer rëm erëmfënnt. An der Nuecht herrscht bësse méi eng däischter an onbekannt Atmosphär herrscht, awer och eng Zäit an der een sech vum Dag erhuele kann.
Bei der Akustik-Ballad "Thousand Miles" huet d’Miley Cyrus da mat der Country-Musekerin Brandi Carlile zesummegeschafft an eng Single geschriwwen déi Pop an amerikanesche Country vereent.
Bëssen een anere Sound huet dann d’Lidd "You" wat bësse méi Blues-Akkorden huet a vum Hin an Hier mat engem Lover vun der Sängerin erzielt.
Eng cool Single um Album ass dann och nach den Track "Muddy Feet" zesumme mam Sia wat bësse méi rockeg ugehaucht ass. Trotzdeem bléift de Sound ganz am Sënn vum Album.
Als lescht richteg Single vum Album ass dann "Wonder Woman" eng Piano-Ballad an der d’Miley Cyrus nach eng Kéier vun den Héichten an Déiften am Liewe séngt, wat dann och als Ofschloss vum Album ee bësse méi däischtert an emotionaalt Lidd ass.
Am groussen a ganzen ass et leider een Album dee bësse flaach kléngt. Et si keng schlecht Lidder drop, awer och keng déi lo wierklech géifen erausstiechen. Hei hätt eventuell nach méi Ofwiesslung kéinten am Album verschafft kéinte ginn. Trotzdeem mierkt een, dass et méi een Erwuessenen Album vun der Sängerin ass. Vu mir kritt den Album eng 7/10.