
De lëtzebuergesch Rapper Maale Gars huet mat "Guer Näischt" een Album mat bekannten an neie Lidder released.
De lëtzebuergesche Rapper Maale Gars ass säit deene leschte Jooren fest an der nationaler Museksbranche involvéiert an huet mat Lidder wéi "Kee vu menge Bridder"oder "Alles Versicht" sech säit 2020 ee Numm gemaach.
Nodeems hien déi lescht Zäit och scho fläisseg Lidder released huet, ass hien dann awer och lo mat senger aktuellster Single "Fonken" zeréck. Am Interview huet de Maale Gars eis dann och bëssen iwwert den Hannergrond erzielt.
"Et geet am Fong em eng verluere Léift. An der "Fonken" bëssen eben d'Léift representéiert. Ech soen eben am Lidd "Et fléie keng Fonken" méi an dohier hunn ech eben den Titel vun dësem Lidd hier gehat."
De Sound vun dëser Single ass dann och bëssen anescht wéi deen deen ee bis elo vum Maale Gars kannt huet, manner haard Beats mee méi jazzy Vibes ginn et an dësem Track.
"Ech hunn gären Ofwiesslung a menge Museksgenre. Ech kategoriséiere mech do net. Ech setze mech net fest do an enger Kategorie. Dowéinst hat ech hei einfach Loscht bësse méi eppes a Richtung Live-Musek ze maachen. An eben eppes bësse mat bësse méi engem dancy Sound. An voilà ech denken dass et zimmlech gutt ukomm ass."
Hei ass dann och ee Museksvideo erauskomm, bei dem de Maale Gars mat Two Steps Twice zesummegeschafft huet an deen een säit dem Release vu der Single och op YouTube ka kucken.
Déi nei Single "Fonken" ass dann och Deel vum Maale Gars sengem neien Album "Guer näischt" deen och den 18. Mäerz erauskomm ass. Op dësem Album mat 10 Track sinn awer eigentlech lauter Lidder mat drop déi bis elo och schon erauskomm waren. Hei sinn zum Beispill Tracks wéi "Lausbouf", "Alles Nei", "Cogito Ergo Mal" oder och "Looss Mech Net Hänke" mat drop.
"Den Album ass eigentlech just ee Regruppement vun all deene Lidder déi ech lo erausbruecht hunn fir dass alles bësse méi propper ausgesäit. A wien huet nach net gär gesot: hei ech hu mol een Album gemaach. Dat heescht ech bundlen se all zesummen an "Fonken" war ebe lo dat lescht Lidd war fir dësen Album lo nach gemaach gouf. An da fänken ech mam nächsten Album eben och mat enger éischter Single rëm un."
Den 31. Mäerz wäert de Maale Gars dann och eng Release-Party an de Rotondes feieren, wou hien dann och de kompletten Album wäert presentéieren. Hei wäerten dann als Support och nach de Skuto, Luk a Jast mat dobäi sinn. D’Tickets kritt een fir dësen Owend op rotondes.lu fir 13€ pro Persoun.