
Den däitsche Sänger huet mat "April" säi 5te Studioalbum op de Marché bruecht.
Den däitsche Sänger Tim Bendzko ass am Joer 1985 zu Berlin gebuer, wou hien och nach bis haut lieft. Lass goung beim Tim Bendzko alles mam Song "Nur noch kurz die Welt retten" deen hien am Joer 2011 erausbruecht huet. Ee Joer duerno krut hien dann och schonn een MTV Europe Music Award fir de beschten däitschen Act.
Elo ass hien zeréck mat sengem neisten Album "April", wat dann och schonn säi fënnefte Longplayer ass.
Lass geet et dann och direkt mat deem Lidd wat dem Album de Numm gëtt. "April" ass éischter eng Single déi manner catchy ass wéi een dat soss vum däitsche Museker gewinnt war. Am ganze sinn um Album da 15 Lidder mat drop, vun deenen och keent méi laang wéi 2 Minutten 58 dauert. Den Album ass also zimmlech séier duerch gelauschtert.
Fir déi Leit déi dem Tim Bendzko seng "Gutt-Laun-Songs" wëllen héieren, déi sollen sech dann d’Lidder "Kein Problem", "Magneten" oder "Zu Viel" ulauschteren, bei deenen een direkt héiert wien hannert de Songs stécht. Bei dëse Lidder ass den Text dann och éischter global gehalen an ass net wierklech déifgrënneg.
Den däitsche Museker kann awer och bësse méi roueg wéi hien dann zum Beispill bei Lidder wéi "Irgendwas mit Liebe" oder "Das Glück kommt zurück" beweist.
Ganz melancholesch ass dann och d’Single "Phantomschmerz" an der den Tim Bendzko just vum Piano begleet gëtt an hei och weist, dass hien och eng grouss Bandbreet a senger Stëmm ka presentéieren. An dësem Song séngt hie vun enger Bezéiung déi sech net méi sou ufillt wéi et sech am Ufank ugefillt huet.
Musikalesch am interessantsten ass dann awer d’Lidd "Geisterstadt" an dem den zimmlech monotone Sound vum Recht vum Album bëssen opgelockert gëtt an och mol mat méi speziellen Akkorde ka punkten. Den 13. Oktober wäert hien dann och hei zu Lëtzebuerg fir ee Concert op Besuch sinn. Hei wäert hien dann hoffentlech all seng grouss Hits awer och spillen.
Wann ee global op den Album kuckt, dann ass et keen Album vun deem d’Leit nach wäerten an e puer Joer schwätzen. Leider zimmlech langweileg an ouni grouss Iwwerraschungen. Een Hit wéi "Nur noch kurz die Welt retten" fënnt ee leider net op dësem Album.
Vu mir kritt den Album eng 4/10.