Nodoeems de Release-Datum dräi mol verréckelt gi war, ass den Album "Higher Than Heaven" endlech dobaussen.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Déi 36 Joer al brittesch Sängerin huet am Alter vu 15 Joer ugefaangen déi éischt eege Songs ze schreiwen an hat mat senger Single "Burn" am Joer 2014 dee ganz groussen Duerchbroch gepackt.

Elo ass d’Sängerin zeréck mat sengem neisten Album "Higher Than Heaven", wat dann och schonn der Musekerin hire fënnefte Studioalbum ass.

Am Juli 2022 ass dann och scho mat "Easy Lover" déi éischt Singleauskopplung vum Album erauskomm gewiescht, déi dann och scho bëssen d’Richtung vum neie Longplayer uginn huet.

Anescht wéi vill aner Museker huet d’Ellie Goulding vu sengem neien Album net behaapt dass et dee perséinlechsten Album a senger Karriär wier. Et wier a sengen Aan zwar ee gudden Album well d’Musekerin beim schreiwe vun der Musek nei Säiten u sech konnt fannen.

Am ganze sinn dann um Album 16 Songs mat drop, vun deenen een der jo och schonn eng ganz Rei als Single am Viraus konnt lauschteren.

Sou och d’Single "All By Myself" zesumme mam Alok a Sigala déi bësse méi elektronesch kléngt an dann och musikalesch den Album zum Schluss nach eng Kéier opliewe léisst.

Eigentlech sollt den Album och schonn den 3. Februar erauskommen, gouf dunn awer op 24. Mäerz an duerno nach eng Kéier op de 7. Abrëll geréckelt. D’Fans haten also genuch Zäit sech drop virzebereeden.

Den 31. Mäerz waren dann och direkt 4 nei Singles erauskomm. "Cure For Love", "Midnight Dreams" "Love Goes On" an "Higher Than Heaven" konnt een dunn scho lauschtere wat jo och schonn ee groussen Deel vum Album war. Wann een sech de kompletten Album awer ulauschtert, dann ass en net wéi gewinnt vollgepaakt mat Balladen a rouege Lidder mee éischter bësse méi mat Disco-Pop an danzbare Beats gefëllt. Hei sinn zum Beispill och Lidder wéi "Like A Saviour" oder "By The End  Of The Night" bëssen un den 80er Joren inspiréiert.

Am groussen a ganzen ass et een Album dee gutt produzéiert ass mee dem et leider un interessante Songs feelt. D’Lidder klengen all bëssen d’selwecht a loossen den Album doduerch bësse langweileg wierken

Den Album kritt eng gutt gemengte 6/10.