De lëtzebuergesche Sänger CHAiLD huet seng neisten EP "Urgent Care" elo released.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De lëtzebuergesche Museker CHAiLD ass säit e puer Joren net méi aus der Museksbranche ewechzedenken an huet sech definitiv hei fest etabléiert. Duerch seng ganz emotional a perséinlech Lidder huet hien sech eng grouss Fanbase am Land opgebaut.

Elo ass hien dann och zeréck mat senger neister EP "Urgent Care", déi hien de 14. Abrëll erausbruecht huet. Op dëser sinn dann och am ganze 6 Lidder mat drop, vun deenen een der jo schon e puer am Viraus konnt lauschteren.

Sou zum Beispill dann och déi éischt Single "Close To You", déi een dann och scho säit dem Mäerz 2023 konnt lauschteren. An der Single séngt den CHAiLD vum Gefill richteg verléift ze sinn. Hei kommen immens vill Emotiounen an d’Spill, déi een net ëmmer sou genee agereit kritt.

De Sound vun der EP ass dann och ganz variabel a sou ass zum Beispill d’Single "Hardcore" bësse manner poppeg mee éischter méi däischter. Duerch de verschiddene Sound op der EP beschreift den CHAiLD bëssen déi Emotiounen déi hien a sengem Liewe schonn duerchgemaach huet.

Eppes wat ee bis elo nach net esou vum CHAiLD héieren huet ass dann d’Single "Urgent Care", déi éischter bësse méi elektronesch kléngt.

An engem Interview huet de Museker eis och erzielt, dass hien dës EP an enger Zäit opgeholl huet an der et him net esou gutt gaangen ass. Am Studio huet hien sech all Kéiers rëm besser gefillt a krut erëm nei Hoffnung.

Den éischten Track vun der EP "Waterfalls" handelt dann och vum Gefill Angscht a wéi een probéiert dës a sengem Liewen ze verschaffe vue dass dës och zum Liewen dozou gehéiert. Et ass och een Track deen direkt vun Ufank un an de Mood vun dëser EP aleet.

Fir d’EP ofzeschléissen, huet den CHAiLD mat "Hollywood Baby" dann och nach bësse méi eng klassesch Pop-Single geschriwwen an der den CHAilD dovunner séngt, dass hien sech dacks als Verléierer gesinn huet an ëmmer d’Gefill hat net gutt genuch ze sinn obwuel hien ëmmer probéiert huet jidderee stolz ze maachen.

"Urgent Care" ass eng ganz perséinlech EP vum lëtzebuergesche Museker, déi een als Nolauschterer ganz déif am CHAiLD seng Emotioune blécke léisst. Vun eis kritt dës emotional EP eng 9/10.