Dës Woch stelle mer dee bësse méi rouegen an emotionalen Album vum brittesche Sänger vir.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De brittesche Mega-Star Ed Sheeran ass säit ville Joren net méi aus der Museksbranche an och aus den Charts ewechzedenken.

Trotzdeem war dat lescht Joer fir den Ed Sheeran immens schwéier. Net nëmmen seng Fra war schwéier krank mee och ee vu senge beschte Kolleegen ass leider gestuerwe gewiescht.

All dës Saachen huet de Sänger probéiert a Musek ze verschaffen an doraus ass säin neisten Album "SUBTRACT" entstanen. Am Mäerz war da mat "EyesClosed" och schonn deen éischten Track erauskomm, dee mat sengem éischter rouegen an emotionale Sound scho bësse gewisen huet, dass dësen Album eventuell bëssen anescht géif ginn.

Déi zweet Single "Boat" war och éischter méi roueg a vill Léit hu scho geduecht dass dëst de komplette Sound vum Album wier.

Wann een den Album awer elo a voller Längt lauschtert, da sinn awer och bësse méi poppeg Lidder mat drop, déi den Album nees bësse méi faarweg maachen.

Wien dann dem Ed Sheeran seng Klassiker wéi "Perfect" oder "Thinking Out Loud" gär huet, deen dierft da mat "Colourblind" dee nächsten Hit fir op all Hochzäit kritt hunn.

An der Single "Dusty" huet den Ed Sheeran ee bësse méi extrae Sound probéiert an erauskomm ass bëssen eng 70er-Vibe Pop-Single.

Déi 14 Lidder um Album huet den Ed Sheeran dann och bal all mam Aaron Dessner vun der Band The National geschriwwen. An de Lidder ginn duerch de ganzen Album immens vill Gefiller an Trauer verschafft. Dat net mat komplizéierte Phrasë mee ganz direkt a riicht eraus. Wéi och am Lidd "Life Goes On" gesongen, fënnt een dacks net déi richteg Wierder wann ee richteg traureg ass.

Bei verschiddene Lidder wéi "Curtains" oder "Sycamore" kennt dann och nach bëssen ee Beat dobäi, deen de Sound vum Album einfach bëssen oplockert. Et miertk een awer séier dass dëst kee Party-Album vum brittesche Sänger ass.

Awer och Themaen wéi Alkohol ginn thematiséiert wéi an der Single "End Of Youth" an der hie seet dass och Wäin net ëmmer d’Léisung géint Problemer ass.

Den Album "Subtract" ass definitiv ee wierklech gudden Album, deen eventuell besser am Wanter erauskomm wier. Duerch d’Texter vu ville Lidder kann ee mam Museker matfillen an et mierkt ee wéi schwéier d’Schreiwe vum Album him gefall ass. Vu mir kritt den Album eng 10/10 vue dass wierklech alles stëmmt.