De schottesche Museker huet elo endlech säin zweete Longplayer op de Marché bruecht.

De schottesche Singer a Songwriter Lewis Capaldi ass mat senge 26 Joer nach zimmlech jonk an huet awer scho mat senge ganz emotionalen a perséinleche Songs immens vill Léit beréiert.

Nodeems ee jo schonn déi lescht Méint eng ganz Rei nei Lidder wéi zum Beispill "Pointless", "Forget Me","Whish You The Best" vum Sänger konnt héieren, ass dann och elo endlech de komplette Lonplayer dobaussen. Mam Numm "Broken By Desire To Be Heavenly Sent" kritt ee vum Lewis Capaldi am ganzen 12 Songs an 43 Minutte Musek.

Den Album start dann och direkt mat "Forget Me", wat jo och déi éischt Single-Auskopplung vum Album war. An dëser huet de Sänger dann och eng Trennung verschafft an huet seng Gefiller an Angscht verschafft huet.

Op TikTok ass de Museker dann och grouss gi vue dass hien ëmmer rëm witzeg Videoen hei eropluet a sech selwer och net ze seriö hellt. Awer och seng Lidder goufe scho vir Millioune Video benotzt.

Um Album sinn dann awer immens vill Lidder déi bëssen dee nämmlechte Vibe verbreeden. Et geet definitiv immens vill ëm Gefiller an Emotiounen an dësem Album.

Mam Museksvideo fir d’Lidd "Wish You The Best" huet de Sänger et fäerdeg bruecht, dass immens vill Leit sech mat sengen Emotioune konnten identifizéieren a gekrasch hunn. Fir de Lewis Capaldi war dat een immens flotte Retour op seng Musek.

Och wann den Album eppes wéi eng Rees duerch eng Bezéiung ass déi an d’Bréch gaangen ass, kann ee vill Lidder awer och op dem Lewis Capaldi seng Angscht a senger Museks-Karriär deiten.

Duerch seng Tourett-Erkrankung weess de Museker och net wéi laang hie nach kann op der Bün stoen. Et waren och scho Momenter bei Concerte bei deenen seng Fans einfach fir hien de Gesang iwwerholl hu falls seng Ticken ze schlëmm gi sinn.

Eigentlech kann een dësen Album an e puer Wierder resuméieren. Eng ganz grouss Stëmm, grouss Emotiounen, grouss Ängscht awer leider net esou grouss Auswiel vun Themen a Sounds, wat den Album leider vum Sound hier bësse monoton klenge léisst.