Am Albumcheck presentéiere mir iech dës Woch deen neien Album "But Here We Are" vun de Foo Fighters!

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

1995 hunn d’Foo Fighters hire self-titled Debut-Album erausbruecht. “Foo Fighters” hat den Dave Grohl eleng an de Méint nom Kurt Cobain sengem Dout opgeholl. D’Resonanz vun de Kritiker*innen deemools: Den Album géif sech eleng aus Matleed fir Nirvana gutt verkafen an et wier onwarscheinlech, dass aus de Foo Fighters e seriöen an erfollegräiche Projet géif ginn. 28 Joer méi spéit sinn d’Foo Fighters eng wierklech Rock-Institutioun an den Dave Grohl eng vun deene gréisste Perséinlechkeeten an der Musekswelt. Elo ass hiren neien Album «But Here We Are» dobaussen.

Musek ass ewéi Therapie – e Saz dee mir scho wärend ganz villen Interviews mat Museker*inne begéint ass. Dee Saz passt leider nëmmen all ze gutt bei d’Karriär vum Dave Grohl an de Foo Fighters. 1994 huet hien den Dout vu sengem Nirvana-Bandkolleeg Kurt Cobain misse verkraften. 2022 ass mam Foo-Fighters-Drummer Taylor Hawkins e weidere ganz enke Frënd vum Grohl am Alter vun nëmme 50 Joer gestuerwen. Och wann d’Band mam Josh Freese e méi wéi adequaten Nofollger fonnt huet, war et den Dave Grohl héchstperséinlech, dee beim neien Album hannert den Drums souz.

«Et ass aus dem Näischt komm / Et ass esou séier gaangen», séngt den Dave Grohl iwwert de Moment ewéi hien d’Nouvelle vum Taylor sengem Dout krut. «Ass dat elo wierklech geschitt?», freet hien sech an äussert de Wonsch gerett ze ginn an aus der Däischtert zeréck un d’Luucht ze kommen. «But Here We Are» ass en Album iwwer Verloscht, Trauer, Roserei an Ofschid. Gläichzäiteg steet de Longplayer fir wonnerbar Erënnerungen, Frëndschaft, Zouversiicht an d’Kraaft vun der Musek.

Mam neien Album huet den Dave Grohl och eng Hommage u seng Mamm geschaf. Och d’Virginia Hanlon Grohl ass nämlech d’lescht Joer leider verstuerwen. De Foo-Fighters-Frontmann huet där fréierer Primärschoulsléierin den Titel «The Teacher» gewidmet, deen 10 Minutte laang geet an a verschidde Kapitel an Tempoen ënnerdeelt ass. An et ass sécherlech ee vun deene gréisste Momenter vum Album, wann den Dave Grohl deen eenzege Virworf äussert, deen hie senger Mamm maache kann: «Du hues mir gewise wéi een trauert, awer net wéi een Ofschid hëlt».

Mat de Wierder “Rest, you will be safe now” an dem ausgemaachten Treffpunkt an der waarmer Sonn vu Virginia, ass den Album eriwwer. D’Band Foo Fighters an hir Musek sinn dem Dave Grohl seng ganz eegen Aart a Weis fir Trauer ze bewältegen. «But Here We Are» ass esou geluede mat Péng an awer iergendwéi fresh – et fillt ee mat, et gëtt ee selwer emotional an et freet sech awer op d’mannst genee esouvill op Dat, wat elo nach kënnt.