Nom Film "Barbie" ass och elo endlech de passenden Album dobaussen! Dës Woch stelle mir iech "Barbie The Album" an eisem Albumcheck vir.

D'Haaptrollen am Film spillen d'Margot Robbie, de Ryan Gosling, d'Saoirse Ronan oder d'America Ferrara. Och d'Dua Lipa huet eng kleng Nieweroll ergattert a gëtt domat säi Schauspill-Debut. Op "Barbie The Album" huet d'Dua Lipa awer déi ganz kloer Haaptroll! Mat sengem "Dance The Night" huet d'Kënschtlerin - onofhängeg vum Film - en absolutten Hit, a vläicht esouguer de Summerhit 2023, geschaf. De Song ass uplifting, rappt mat an erënnert ganz staark un de Future-Nostalgia-Sound: Disco-Pop-Perfektioun!

Als weidere Cast-Member ass natierlech och de Ryan Gosling mat "I'm Just Ken" um Album vertrueden. Ech weess guer net ob ech mech traue soll de Ryan Gosling ze kritiséieren, mee gutt, wat soll ech soen: Wann een déi 3:42-Minutten-80er-Ballad lauschtert, héiert ee schonn eraus, dass de Ryan Gosling u sech Schauspiller ass.

Op deene 17 Tracks vu "Barbie The Album" gëtt sech den Who Is Who aus der Musekszeen Rendez-vous: Lizzo, Charli XCX, Tame Impala, Dominic Fike, HAIM, Billie Eilish, Khalid, GAYLE oder Ava Max. Kuratéiert gouf dat Ganzt vun deenen zwee amerikanesche Star-Produzente Mark Ronson an Andrew Wyatt.

Trotz deene groussen Nimm ass den Album net wierklech berauschend. "Barbie The Album" ass eng Kollektioun u generesche Songs, déi nëmmen hallefhäerzeg d'Handlung vum Film widderspiggelen. Esouguer den Top-Hit "Dance The Night" huet u sech wéineg mat Barbie ze dinn. Net falsch verstoen - de Song u sech ass nach ëmmer en absolutte Banger! Mäi perséinlechen Highlight ass awer "Man I Am" vum Sam Smith, et ass ee vun deenen eenzegen Tracks, dee sech wierklech mat den Thematiken aus dem Film beschäftegt.

Chris / Eldoradio Museksredaktioun