
De Post Malone huet elo säi 5. Album «Austin» erausbruecht. Als Singles ware schonn d’Tracks "Chemical", "Mourning" an "Overdrive" erauskomm!
De Fait, dass de Posty säi biergerleche Virnumm als Titel gewielt huet, weist, dass et e ganz perséinlechen Album ass.
De Post Malone hat d’Kontroll verluer. Hien huet literweis Vodka erofgeschott, koum wochelaang net vum Buedem op a wousst net, ob hie seng Alkoholsucht iwwerliewe géif. Mëttlerweil huet hie säi Konsum am Grëff, ass net clean, mee drénkt responsabel. Ëmmer erëm betount hien: Meng Fra huet mäi Liewe gerett! Si hätt et gepackt hie waakreg ze rëselen an him gehollef aus der Däischtert erëm un d’Luucht ze kommen, esou de Museker.
Op sengem neien Album presentéiert den Austin Richard Post eis deen neie Post Malone. Hien erzielt deels erschreckend Episoden ewéi hien d’Sonn säit engem Mount net méi gesinn huet, duerch den Alkohol absolutt guer näischt méi fillt oder high zu Las Vegas um Trottoir sëtzt a mat Leit schwätzt déi guer net do sinn. De Posty erzielt awer mat eng gewëssener Distanz – d’ass manner e Beschwéieren an e Leiden, méi eng Reflektioun iwwert säi Konsum an d’Konsequenzen dovun.
Aus dem “beerbongs & bentleys” Trap- an Hip-Hop-Posty ass op “Austin” de Popstar-Posty ginn. Hie séngt mat esou enger Liichtegkeet iwwert déi däischterst Zäit a sengem Liewen, dass et scho bal erëm gruseleg ass. Musikalesch plätschert den Album leider e bësse viru sech hin an d’Geschicht hätt ee warscheinlech och an 12 Tracks kënnen erzielen. Trotzdeem ass «Austin» e richteg gudden Album.
7,4/10 Chikoen!