Mat "I'll Be Waiting" ass de Cian Ducrot op TikTok viral gaangen. Elo huet den Ir säin Debut-Album "Victory" erausbruecht!

Vläicht hutt dir d’Videoe gesinn, an deenen hien zesumme mat engem Flashmob-Chouer an Akafszenteren oder Restauranten opgetrueden ass. Den 1. November kënnt de Singer/Songwriter bei eis op Lëtzebuerg an de Club vun der Rockhal.

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

D’Geschicht vun dësem Album fänkt am Cian Ducrot senger Kandheet un. Säi Papp huet doheem physesch a sexuell Gewalt ugewant. Seng Mamm huet alles dofir gemaach, fir hir Kanner ze beschützen a vun him fortzekommen. Dobäi koum och nach de System, deen d’Mamm als Franséisin net an Irland acceptéiert huet a sech als extrem patriarchalesch erwisen huet. Bescht Beispill: E Riichter dee freet “Isn’t that what husbands do to their wives?”, ewéi si him zielt, dass si vergewaltegt gouf.

Den Album “Victory” steet fir Confiance, Kämpfen an Duerchhalen – “we made it out alive and more” schreift de Cian Ducrot dozou op Instagram. Nieft de Songs “Mama” a “Step Dad”, séngt hie mat “Heaven” och eng wonnerbar Hymne fir säi Brudder.

Zu deene stäerksten Tracks um Album gehéiert fir mech definitiv «Blame It On You». Hei liwwert de Cian Ducrot eng Kampfuso u säi Papp a mécht him kloer wat hien alles ugeriicht huet. Och zwanzeg Joer méi spéit, géif seng Mamm sech nämlech nach ëmmer selwer Virwërf maachen.

"She's blaming herself for everything that we went through / But I blame it on you" (Cian Ducrot, "Blame It On You")

Op der Récksäit vu sengem “Victory”-Cover presentéiert den iresche Museker sech komplett plakesch – symbolesch fir emotiounsgelueden an therapeutesch Lyrics déi wierklech hitten. Mat Lidder ewéi “All For You” oder “I’ll Be Waiting” beweist de Cian Ducrot ausserdeem, dass hie Melodië fir d’Masse schreiwe kann. Musikalesch ass nach Loft no uewen, mee Potential ass do. 6,9/10 Chikoen!