Virun 12 Joer ass d’Birdy mat senger wonnerbarer Interpretatioun vum Bon Iver sengem «Skinny Love» grouss erauskomm.

Duerno koumen Erfolleger mat «Keeping Your Head Up» a «People Help The People». Dass d’Kënschtlerin am Eldoland eng grouss Fanbase huet, beweise seng ausverkaafte Concerten, ënnert anerem Enn Mäerz am Atelier. Mat «Portraits» huet d’Brittin elo säin neien Album erausbruecht.

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

D’Aarbechten um Birdy sengem leschten Heartbreak-Release «Young Hearts» ware laangwiereg, schwéier, emotional an hu ganzer fënnef Joer gedauert. Als Reaktioun dorop ass den Album «Portraits» entstanen, op deem d’Birdy sech un e ganz neie Sound wot. Ech hat Loscht menge Lidder e bësse méi Tempo an Dynamik ze ginn an en Album ze maachen, deen no Energie a Spaass kléngt, kommentéiert d’Kënschtlerin. Fir Birdy-Verhältnisser fetzt den 80s-Sound op «Portraits» awer emol esou richteg. Bescht Beispill ass den Album-Opener «Paradise Calling».

«Portraits» bréngt catchy an upbeat Alternative-Pop, vill Elektronik a Synthesizer. Typesch 80s ginn et awer och misteriéis an dramatesch Momenter. Mat «Your Arms» dierf dann awer eng Pianosballad och net feelen, déi d’Birdy als Trouscht fir eng Frëndinn an Trauer geschriwwen huet.

Mat «Ruins l & ll» fënnt och Heartbreak erëm säi Wee op deen neien Album, dës Kéier geet d’Saach awer gutt aus. Aussderdeem behandelt d’Birdy Themen ewéi Fantasie, Wourecht oder Perfektionismus. Op «Raincatchers» séngt hatt driwwer, wéi mir mam Alter eist inner child an déi domat verbonnen Onbeschwéiertheet ëmmer méi vergiessen. Gläichzäiteg mécht d’Birdy en Appel genee dat net ze maachen!

Vum Birdy sengem Stilwandel war ech ufanks e bëssen irritéiert, nom zweete Lauschteren awer definitiv begeeschtert. Eenzege Problem: Och wa seng nei Songs wierklech Loscht drop maachen, seet d’Birdy selwer, dass hatt net danze kann. Mee wéi heescht et ëmmer esou schéin: Beim Danze gëtt et kee Richteg a kee Falsch.

7/10 Chikoen