Mat «driver’s license» ass d’Olivia Rodrigo 2021 iwwer Nuecht zum Star ginn.

Spéitstens mam Debut-Album “SOUR” huet d’Amerikanerin sech bis un d’Spëtzt vun der Popwelt gesongen. Mat «GUTS» ass elo de laang-erwaarten zweeten Album dobaussen. De Chris aus der Eldo-Museksredaktioun huet eragelauschtert!

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

Wann een esou jonk esou séier esou bekannt gëtt ewéi d’Olivia Rodrigo, mécht dat eppes mat engem. Op “all-american bitch” a “making the bed” reflektéiert d’Kënschtlerin iwwert säi Liewe virum Hype. U sech huet hatt alles erreecht wat hatt ëmmer wollt, just ass et net ëmmer esou wéi hatt sech dat virgestallt huet. Ausserdeem gëtt d’Olivia e klengen Abléck, wéi traumatiséierend Fame ka sinn: Fans déi ee behandelen ewéi eng Touristen-Attraktioun, den Zwang sech no baussen ëmmer perfekt mussen ze inszenéieren an Emotiounen déi een oft zeréckhale muss.

Nieft senger Ofrechnung mam Celebrity-Status behandelt d’Rodrigo op «GUTS» virun allem d’Verwirrung déi een am jonken Erwuessenenalter erlieft wann ee seng Plaz an der Welt sicht. Grouss Theme sinn deemno d’Sich no der eegener Identitéit, Heartbreak a sozial Ängscht. Musikalesch schéngt déi 20-järeg Musekerin seng Plaz an der Pop-Punk-Grunge-Indie-Rock-awer-och-Pianosballaden-Klangwelt definitiv fonnt ze hunn. Mat Tracks ewéi «logical» kann een eng Kéier melancholesch duerchotmen, fir mat «ballad of a homeschooled girl» duerno erëm vollgas E-Gittar-Riffs op d’Oueren ze kréien.

Egal ob Roserei, Enttäuschung, Freed oder Sensucht – op «GUTS» léisst d’Olivia Rodrio all seng Gefiller eraus. Trotzdeem huet seng Musek eng gewësse Liichtegkeet an hatt fënnt dee perfekte Grad tëschent Seriositéit a Selbstironie. «GUTS» strotz nëmmen esou vun Gen-Z-Hymnen, déi no Harry Styles, Taylor Swift a Coldplay ganz sécher fir deen nächsten Ticket-Ustuerm wäerte suergen.

8,7 / 10 Chikoen!