
Josh Island / © Lynn Theisen
De lëtzebuergesche Singer/Songwriter huet schonn Opening-Concerte fir Passenger, Clueso oder James Morrison gespillt.
No den zwou EPs "One" (2018) a "Love Don't Come Easy" (2021) huet den Josh Island dann och elo endlech säin Debut-Album "In My Head" erausbruecht! De Chris aus der Eldoradio Museksredaktioun huet eragelauschtert.
Beim Josh Island weess ee wat ee kritt: Singer/Songwriter-Pop mat Aflëss aus Soul a Folk a catchy Hooks. Op sengem Debut-Album kritt ee virun allem awer eng Vocal Performance vum Allerfäinsten! Sief et op Tracks déi no vir ginn, ewéi «Rewind» oder «Patio Blues», oder op de gefillvolle Balladen «How Does It Feel» an «Dearly»: Den Josh meeschtert seng ausgefale melodesch Progressions a gëtt senger Stëmm ganz vill Raum fir sech komplett ze entfalen. Dee Courage an dat Vertrauen a seng Fäegkeete fënnt een an der Popmusek vun haut leider vill ze seelen.
«In My Head», dat sinn 10 Lidder iwwer Respekt, Léift, Motivatioun, Mental Gesondheet, Dreem an d’Sich no der eegener Identitéit. «In My Head», dat ass och handgemaachte Musek mat richtegen Instrumenter. Ee vu menge perséinlechen Highlights ass den Track 4 “Pieces Of The Ocean”, deen ufanks ewéi e bekannte Wham-Klassiker kléngt a mam Synthie-Element am Refrain en interessanten Twist kritt.
Op Album-Längt kann dem Josh Island seng Musek fir mech duerchaus e puer méi Ecken a Kante verdroen. Trotzdeem iwwerzeege mech bei him ëmmer erëm seng Leidenschaft, seng onwarscheinlech Liichtegkeet a säin natierleche Flow.
«In My Head» kritt 7,5/10 Chikoen!