Virun annerhallwer Woch huet de britesche Singer/Songwriter Sam Fender säin Debut-Album mam Titel "Hypersonic Missiles" erausbruecht.

Lauschtert eran!

U sech hat de Sam Fender ni wëlles grouss Karriäre ze maachen, säin Zil war et just mat der Musek Suen ze verdéngen. Mat 18 huet hien dunn awer a senger Heemechtsstad North Shields zoufälleg säi spéidere Manager getraff, säit deem ass hien dann awer um gudde Wee e ganz Groussen ze ginn. Haut mat 25 Joer wunnt de Sam Fender nach ëmmer doheem bei senger Mamm zu North Shields, där klenger verkommener Stad am Norde vun England. Datt de Sam Fender sengen Originnen a virun allem sech selwer trei bleift mierkt een och a senger Musek, hien huet e ganz eegene Sound kreéiert, authentesch an onpoléiert.

Vill Kënschtler schreiwen iwwerflächlech Texter, de Sam Fender awer net. Hie schreift Geschichten aus sengem Liewen, Geschichten déi hien och selwer erlieft huet. Selbstmord, d’Privileegien déi een als Wäissen huet an natierlech och d’Léift, dat si just e puer vun den Themen um Album. Deen emotionaalste Song fir mech ass awer “The Borders”. Doran sengt de Sam Fender iwwert d’Relatioun mat sengem beschte Kolleg aus senger Kandheet, déi awer leider an d’Bréch gaangen ass.

Wat mir um Album immens gutt gefält, ass de Mix tëscht dem hallegen a verwäschenen Indie-Sound an de méi rauen a rockegen Elementer. Zesumme gekuckt mat den déifgrënnegen Texter, fannen ech dem Sam Fender säin “Hypersonic Missiles” e gelongenen Debut-Album.