Leschte Méinden huet d'Ariana Grande en neien Album erausbruecht!

Den 22. Mee 2017 war en trageschen Dag an der Karriär vum Ariana Grande. No sengem Concert an der Arena zu Manchester hat sech e Selbstmord-Attentäter am Foyer vun der Arena an d’Luucht gesprengt. Dobäi sinn 23 Mënschen ëm d’Liewe komm an iwwer 500 sinn der verletzt ginn. Nom Attentat hat d’Ariana Grande eng Zäit laang mat Angscht-Zoustänn ze kämpfen – op Rot vum Produzent Pharell Williams huet hat du probéiert, di negativ Erfarungen an der Musek opzeschaffen. Dorauser ass säi véierten Album “Sweetener” entstanen, deen de 17. August 2017 erauskomm ass. Do sinn ënnert anerem d’Songs “God is a woman”, “get well soon” an “no tears left to cry” drop. Ufanks 2019 krut d’Ariana Grande fir “Sweetener” och e Grammy fir “Best Pop Vocal Album”.

Vum 18. Mäerz bis den 22. Dezember 2019 war d’Ariana Grande mat sengem Album op grouss “Sweetener World Tour”. An där Zäit huet hat ronn 100 Concerten an iwwer 15 Länner gespillt. Leschte Méinden, um Dag no deem leschten Optrëtt am “Forum” zu Inglewood a Kalifornien huet d’Ariana Grande e Live-Album mam Titel “k bye for now (swt live)” erausbruecht.

Op “k bye for now” si bal alleguer d’Songs vun den Alben “Sweetener” an “thank you, next” a soss nach Highlights aus dem Ariana Grande senger Karriär drop, opgeholl wärend senger Sweetener Tour. Och wann den Album mat annerhallwer Stonn e gutt Stéck ze laang ass, kann “k bye for now” produktiounstechnesch a virun allem duerch dem Ariana Grande seng Performance iwwerzeegen.