Leschte Freiden huet d'Halsey säin neien Album "Manic" erausbruecht!

Lauschtert eran!

“I’m just a fucked up girl who’s looking for my own peace of mind. Don’t assign me yours.” (Halsey "Ashley")
Dëst Zitat aus dem Film “Eternal Sunshine of the Spotless Mind” resuméiert dem Halsey säin neien Album zimmlech gutt. “Manic” ass e Portrait vun enger jonker, bisexueller Fra mat enger turbulenter Virgeschicht, déi sech selwer fanne wëll a fir eng Plaz an eiser iwwerflächlecher Gesellschaft kämpft. Bipolar Stéierung, dysfunktional Famill, Liewen op der Strooss an Drogen, dobäi kommen nach e Selbstmord-Versuch an eng Feelgebuert. Kuerz gesot: D’Halsey hat et net ëmmer einfach.

View this post on Instagram

Manic, the full emotional spectrum available 1.17

A post shared by halsey (@iamhalsey) on

Mäi perséinlechen Highlight um Album ass den aachten Track “3am”. Wéinst dem Halsey senger Power, virun allem awer well een d’Gefill huet, datt hat sech op deem Track säi ganze Misär a säi ganze Frust vun der Séil séngt.

Halsey "Manic" SNIPPET

D’Halsey mécht ob sengem neien Album “Manic” eng ofwiesslungsräich Mëschung aus Hip-Hop, Rock, Country a Pop. Mir gefält besonnesch d’Passioun am Halsey senger Stëmm ganz gutt. Dobäi kënnt, datt hat dem Nolauschterer seng Gefiller esou oppen an éierlech presentéiert, ewéi soss net vill aner Kënschtler a Kënschtlerinnen dat maachen. Et lount sech also definitiv, sech “Manic” vum Halsey unzelauschteren.