Viru kuerzem hunn Echosmith hiren neien Album "Lonely Generation" erausbruecht!

Echosmith – dat sinn di dräi Geschwëster Graham, Sydney an Noah Sierota, déi schonn zanter hirer fréier Kandheet zesumme Musek maachen. 2009 hu si dunn entscheet eng Band ze grënnen. Och hiren eelste Brudder, den Jamie, war en Deel vun Echosmith, bis hie viru 4 Joer decidéiert huet d’Band ze verloossen a sech ëm seng Famill ze këmmeren. Ewéi den Titel “Lonely Generation” et scho verréit, schwätzen di jonk Museker – deen eelste Member, den Noah, huet eréischt 24 Joer – op hirem neien Album iwwert d’Problemer vun hirer Generatioun.

Zu hire Virbiller zielen Echosmith ënnert anerem Coldplay, U2, Fleetwood Mac an och Empire of The Sun, wat ee ganz däitlech am zweeten Track “Diamonds” héiert.

“Lonely Generation” ass en Album iwwert d’Angscht virum eleng sinn, de Wonsch d’Welt ze retten an natierlech iwwert d’Léift. Dat ënnersträichen och di dräi Balladen um Album. Um Titel “Everyone Cries” séngt den Noah fir di alleréischte Kéier esouguer eng Strophe ganz eleng.

Trotz hirem jonken Alter wierken Echosmith scho relativ räif. Och wann di dräi Geschwëster sech mat hirer Musek net wierklech vun anere jonken Indie-Pop-Bands ofhiewe kënnen – wie weess ob si dat wëllen – a mir perséinlech de Sound heiansdo e bëssen ze kitscheg ass, hunn Echosmith mat “Lonely Generation” e stëmmegen Album mat pertinenten Aussoen a gudde Melodië geschriwwen.