Leschte Freiden huet den Justin Bieber säin neien Album erausbruecht!

Lauschtert eran!

An deene leschte Joren huet sech vill am Liewe vum Justin Bieber verännert. No sengem Duerchbroch als Teenie-Star hat de Sänger vill ze kämpfen. Hien ass net mam Drock a mat der medialer Presenz eens ginn an huet virun allem ëmmer erëm mat Skandaler op sech opmierksam gemaach – sief et Alkohol, Drogen, Verhaftungen oder natierlech och d’On-Off Bezéiung mam Selena Gomez. Donieft hat de Bieber och vill mat psychesche Problemer an Depressiounen ze kämpfen an huet sech selwer dofir eng Musek-Paus verschriwwen. A leschter Zäit ass den Justin Bieber awer méi roueg ginn an huet et fäerdeg bruecht säi Liewen erëm an de Grëff ze kréien.

Datt deen neien Album “Changes” d’lescht Woch op Vältesdag erauskomm ass, ass sécherlech keen Zoufall. Den Justin ass nämlech ganz vill verléift. Zanter bal annerhallwem Joer ass hie mam Model Hailey Baldwin bestuet a kritt es – ewéi et um neien Album schéngt – einfach net genuch vun him. Mat enger mëller Autotune-Stëmm séngt de Bieber op “Changes” doriwwer, wéi traureg hien ass wann hatt net op säi Facetime-Uruff reagéiert an datt seng Fra och ouni Instagram-Filter gutt ausgesäit.

Justin Bieber "Changes" SNIPPET

Wien awer elo mengt, den Justin Bieber wier erwuesse ginn, deen iert sech – op d’mannst als Museker ass hien nach net vill weider komm. “Changes” ass nämlech esouwuel musikalesch ewéi textlech oninteressant a monoton.