Viru kuerzem hu Galantis hiren neien Album "Church" erausbruecht!

Den Album-Titel “Church” bezitt sech net op d’Kierch oder eng Relioun, mee op Mënschen déi eng gemeinsam Iddi verbënnt. Sief et, datt ee sech fir de Fridden, fir Verännerung oder fir méi Mënscheverstand asetzt – Galantis ass et nämlech wichteg, datt hir Musek eppes ausseet. Op “Church” huele si den Nolauschterer, a beschter Galantis-Manéier, mat op eng positiv, summerlech an euphoresch Rees.

Mäi perséinlechen Highlight um Album ass den véierten Track “Never Felt A Love Like This”. Galantis hunn dofir mam australesche Museker Hook N Sling a mam hollännesche Singer/Songwriter Dotan zesummegeschafft. Och fir de Video hunn di zwee Schweden sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Si hunn zu Los Angeles e Casting organiséiert bei deem d’Schauspiller – déi natierlech näischt vun där ganzer Saach wossten – d’Lyrics vun “Never Felt A Love Like This” als hiren Text kritt hunn. D’Auditioun gouf gefilmt an aus deem Material hu si dunn de Musek-Video produzéiert.

Mäi Fazit vun “Church” ass gemëscht. Engersäits fannen ech di eenzel Lidder um Album relativ gutt. Op där anerer Säit sinn ech awer der Meenung, datt “Church” net als Album funktionéiert. Op laang Dauer gëtt mir “Church” nämlech wéinst deem ëmmer selwechten Opbau vun de Lidder an de viraussobar Melodien vill ze monoton.