Leschte Freiden huet de Caribou säin neien Album "Suddenly" erausbruecht!

Lauschtert eran!

Op eemol war alles anescht...den onerwaarten Dout vun engem Famillje-Member, gesondheetlech Problemer bei sengem Papp a seng zweet Duechter gëtt um Récksëtz vun engem Taxi gebuer. Um Caribou sengem neien Album “Suddenly” geet et virun allem dorëms, ëm Momenter déi säi Liewen abrupt verännert hunn, ëm seng Famill an am éischten Track och explizitt ëm seng Schwëster.

"Sister, I promise you I'm changing
               You've heard broken promises I know
               If you want to change it you must break it
               Repair it and something new will grow"
               (Caribou - "Sister")

Den Album-Titel “Suddenly” verschafft de Caribou awer net nëmmen thematesch, hie mécht och e musikalescht Konzept doraus. Genee ewéi a sengem Liewen ginn et nämlech och a senger Musek ganz iwwerraschend Momenter. D’Lidder bleiwe stoen, briechen of, änneren hir Richtung a ginn op eemol zu eppes ganz anerem. Esou zum Beispill am Song “You and I”, deem säin trauregen a melancholesche Charakter sech vun engem Moment op deen aneren an en Trap-Beat verwandelt.

Esou gëtt et bei all Titel op d’mannst eng Iddi, déi net zum Rescht vum Lidd passt. E klengen Effekt mat grousser Wierkung, well doduerch datt een ni weess wat als nächst kënnt, bleift een als Nolauschterer wakereg.

Caribou "Suddenly" SNIPPET

Dem Caribou seng Musek ass definitiv kee Mainstream, mee et ass op alle Fall derwäert sech säin neien Album un ze lauschteren. Mat “Suddenly” huet de Caribou nämlech e musikalesch komplexen an duerchduechten Album produzéiert – dat wat ee sech vun esou villen anere Kënschtler och wënsche géif.